Traité vu Lissabon
Den Traité (oder Vertrag) vu Lissabon (am Ufank och EU-Reform-Traité genannt) ass en internationalen Traité tëschent de 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, deen den 13. Dezember 2007 ënner portugisescher EU-Conseilsprésidence zu Lissabon ënnerschriwwe gouf.
Den Traité iwwerhëlt wesentlech Inhalter vum Traité iwwer eng europäesch Verfassung vun 2004, deen net a Kraaft getruede war. Am Géigesaz zum Verfassungsprojet ersetzt en awer net déi Traitéen, déi et bis ewell ginn huet, mä ännert a completéiert se, notamment den EG- an EU-Traité).
Duerch de Lissabon-Traité kritt d'EU eng eenheetlech Struktur a gëtt eng eegestänneg Personne juridique. Aner wichteg Neierunge vum Vertrag vu Lissabon sinn d'Ausbreedung vum Prinzip vun der qualifizéierter Majoritéit fir déi meeschte Politikberäicher bei Décisiounen am Ministesch-Conseil, d'Aféierung vum Amt vun engem Héije Vertrieder fir déi Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik, méi Rechter fir d'Europäescht Parlament, d'Méiglechkeet, datt 1 Millioun Bierger eng Gesetzesinitativ kënnen ufuederen, d'méi staarkt Agebonne-Sinn vun den nationale Parlamenter an den europäesche Gesetzgebungsprozess, d'Méiglechkeet fir national Parlamenter, eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff anzereechen, d'rechtlech Verbindlechkeet vun der EU-Grondrechter-Charta an d'Méiglechkeet fir e Memberstaat, nees auszetrieden.
Den Traité ass den 1. Dezember 2009 a Kraaft getrueden.
Um Spaweck [änneren]
- Den Traité op däitsch (PDF, 0,7 MB, 287 S.)
- Konsolidéiert Versioun vun den EU- an EG-Verträg esou, wéi se duerch den Traité vu Lissabon g'ännert ginn, JOCE, 9. Mee 2008, op däitsch.
- Aner Sprooch- a Formatversiounen
| Europäesch Unioun – Geschicht, Struktur an Traitéen | |||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 1951 | 1957 | 1965 | 1986 | 1992 | 1997 | 2001 | 2007/2009 |
| Europäesch Communautéiten (EG*) | E U R O P Ä E S C H U N I O U N ( E U ) | ||||||
| Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) | (2002 ausgelaf -> EG) | ||||||
| Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) | Europäesch Gemeinschaft (EG) | ||||||
| *EG: EGKS, EWG (EG zënter 1993), Euratom | Justiz an Intérieur (JI) | (ZJZ a Persouneverkéier –> EG) | |||||
| Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS) | |||||||
| Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) | Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) | ||||||
| Europäesch Atomgemeinschaft (EAG bzw. Euratom) | |||||||
| Traité vu Paräis |
Traité vu Roum | Fusiouns- Traité |
Acte unique | Traité vu Maastricht |
Traité vun Amsterdam |
Traité vun Nice |
Traité vu Lissabon |
|
"DRÄI SAILEN" – EG (CECA, EWG / EG, Euratom), GASP, PJZS |
|||||||
| Commons: Tratado de Lisboa – Biller, Videoen oder Audiodateien |