Émile Reuter

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Émile Reuter

Den Émile Reuter, gebuer den 2. August 1874 zu Bouferdeng, a gestuerwen de 14. Februar 1973 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.

No senger Première, 1893 am Kolléisch, huet den Émile Reuter zu Stroossbuerg, Nanzeg a Paräis vun 1894 bis 1898 Droit studéiert a sech duerno um Stater Barreau als Affekot ageschriwwen. 1903 gouf hie President vun der Association populaire catholique an 1911 an d'Chamber gewielt. 1914 war den Émile Reuter e Grënnungsmember vun der Rietspartei.

Kuerz virum Enn vum Éischte Weltkrich, den 28. September, 1918 gouf de Reuter Premierminster a Generaldirekter (Minister) fir Baussenzeg a Bannenzeg Affären. 1925 koum et zu enger Regierungskris well d'Chamber de Virschlag vun der Regierung, d'Eisebunnsgesellschafte Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri ënner enger belscher Direktioun ze vereenegen, refuséiert huet, an d'Regierung Reuter ass zréckgetrueden.

Vun 1926 bis 1959 (mat Ausnam vun de Krichsjoren) war den Émile Reuter President vun der Chamber. Hie war och bis 1964 den éischte President vun der 1944 gegrënnter CSV.

1957 gouf hien Ambassadeur vu Lëtzebuerg beim Hellege Stull. Hien ass 1973 an der Stad verscheet.

Fir un hien z'erënnere gouf an der Stad Lëtzebuerg d'Arsenalstrooss an Avenue Émile-Reuter ëmgedeeft.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emile, 2011. Emile Reuter *1874 1973 et Pierre Dupong *1885 1953: deux personnalités politiques hors pairs, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 352-361.
  • Dostert, Paul, 2003. Emile REUTER 1874-1973. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 327-328. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar - Mars Di Bartolomeo
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]