Nanzeg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
GeoFR.png Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Panorama vum Zenter vu Nanzeg
Nancy
Nanzeg
Blason Nancy 54.svg
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason Meurthe-et-Moselle.svg Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Nanzeg
Kanton Nancy-Est / Nancy-Nord
Nancy-Ouest / Nancy-Sud
Code Insee 54395
Postcode 54000
Koordinaten 48° 41’ 37’’ N
06° 11’ 06’’ O
Fläch  1 501 ha
Bevëlkerung  106 300 1999

Nanzeg (fr. Nancy) ass eng Stad a Gemeng an Loutrengen a Frankräich. Si läit am Departement Meurthe-et-Moselle, gehéiert zur Regioun Loutrengen an ass no Metz déi zweet gréisste Stad an Loutrengen. Si huet 105 830 Awunner (2002) an eng Fläch vu 15,01 km²

[änneren] Geschicht

Den Numm ass vu gallo-réimeschem Urspronk. E Geldstéck, op deem Nantiaco geschriwwe stoung, gouf eemol fonnt. Zwar fänkt d'Geschicht vun Nanzeg mat dem Bau vun enger klenger Buerg vum Herzog Gerhard vun Elsass 1069 un. D'Wuert Nanceium kann op alen Dokumenter gelies ginn; deen Numm ass eng Latiniséierung vum fréieren Nummm, déi och d'lëtzebuergfränkescht Nanzeg erginn huet, wéi d'Aussprooch et nach beweist ("Nanzéger" = "Nanzéjer").

Nanzeg gouf zur Haaptstad vum Herzogtum Loutrengen vum Matthäus II. erhuewen. De burgundeschen Herzog Karel de Kéngen koum 1477 virun him ëm d'Liewen, wéi en ëmsoss d'Stad géint den Herzog Renatus II. (René) belagert huet.
Den Herzog Karel III. huet 1588 méi eng grouss "Nei Stad" opriichte gelooss.
Nanzeg huet vill ënner dem Drëssegjärege Krich gelidden, d'Stad gouf vun de Fransouse belagert, déi schliisslech hir Festungsmaueren zerstéiert hunn.
De leschten Herzog vu Loutrengen, de Stanislas Leszczynski, deen och fréiere Kinnek vu Polen war, krut do groussarteg Monumenter gebaut, dorënner d'Plaz déi haut säin Numm dréit.

Nanzég ass 1777 franséisch ginn.
Ëm d'Joer 1900 war Nanzeg den Zenter vun enger wichteger artistescher Beweegung, déi derwéint Ecole de Nancy heescht.

Déi bekannt Place Stanislas (1914)
Place Stanislas haut



[änneren] Kuckt och


[änneren] Um Spaweck

Commons: la ville de Nancy – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools