Paul Eyschen
De Paul Eyschen gebuer den 9. September 1841 zu Dikrech, a gestuerwen den 11. Oktober 1915 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Diplomat, Minister a Staatsminister.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen[änneren]
De Paul Eyschen, Jong vum Charles-Gérard Eyschen, huet zu Paräis an zu Bonn Droit studéiert a gouf 1865 Affekot um Stater Barreau.
Den 12. Juni 1866 gouf hien als Deputéierten an d'Assemblée des États als Vertrieder vum Kanton Wolz gewielt. Well hie den Dag vun de Walen awer nach keng 25 Joer al war, wéi dat vun der Verfaassung virgeschriwwe war, gouf dem Paul Eyschen seng Wiel op Initiativ vum Félix de Blochausen vun der Chamber annuléiert. Den 10. November 1866 gouf dee vakante Posten nees zur Wal ausgeschriwwen an de Paul Eyschen, deen dunn 25 Joer al war, gouf op de Posten (zréck-)gewielt [1].
Vun 1875 bis 1888 war hie Chargé d'affaires géintiwwer der däitscher Regierung. Tëschent 1876 an 1888 war hie Generaldirekter (d. h. Minister) fir Justiz an de Regierungen de Blochausen an Thilges.
Hien huet och Aufsätz ënner dem Pseudonym Paolo geschriwwen. De Bekanntesten as wuel dee fir d'fënnefanzwanzegjäregt Bestoe vum Feierwon, deen 1884 an der Wochenzeitung Das Luxemburger Land publizéiert gouf. En handelt vun der Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch fir déi politesch Selbsstännegkeet vum Land[2].
Den 22. September 1888 huet hien d'Nofolleg vum Édouard Thilges als Staatsminister a Regierungspresident iwwerholl, eng Funktioun, déi e 27 Joer laang, bis zu sengem Doud 1915, hat. Gläichzäiteg war hien och Generaldirekter fir Aussebezéiungen, a vun 1896 un, fir Landwirtschaft a Wäibau.
De Paul Eyschen ass onerwaart den 11. Oktober 1915 a senger Wunneng an der Chimaysgaass (Stad Lëtzebuerg) un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Hie krut e Staatsbegriefnes, mat enger Läicheprozessioun bis op de Nikloskierfecht um Lampertsbierg, wou hie begruewe gouf. (J. Mersch, 1953). Säi monumentaalt Graf ass vum Sosthène Weis.
Zu senger Éier goufen e puer Monumenter opgeriicht:
- zu Dikrech, am Park nieft dem Stadhaus
- zu Stadbriedemes: kuckt Paul Eyschen-Monument zu Stadbriedemes
- zu Kautebaach.
Gielercher[änneren]
- Grand-croix de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1894)[3]
Literatur[änneren]
- Dostert, Paul, 2003. Paul EYSCHEN 1841-1915. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 293-295. Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
- Haag, Emile, 2011. Paul Eyschen *1841 †1915, un Premier ministre à vie, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 292-299.
- Mersch, Jules (éd.), 1953. Biographie nationale du Pays de Luxembourg, fascicule 5. Imprimerie Victor Buck, Lëtzebuerg. Online um Site vun der Nationalbibliothéik
- Jules Mersch. Paul Eyschen. S. 71-153.
- Antoine Funck. EYSCHENIANA. S. 155-168.
- Léon Metzler. In Memoriam Paul Eyschen, homme d'Etat et jurisconsulte. S. 169-234.
- Marcel Noppeney. Paul EYSCHEN entre la France et l'Allemagne. S. 235-241.
- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, Ss. 35-36.
- Welter, Nikolaus, 1929. Das Luxemburgische und sein Schrifttum. 9., durchges. Aufl. 158 S. G. Soupert, Luxemburg.
Galerie[änneren]
- Fotoen, Biller an Illustratiounen
-
Zu Munneref am Kurpark.
-
Foto vum Hafffotograf Charles Grieser.
-
Karikatur vum Pierre Blanc.
-
Graf vum Paul Eyschen um Nikloskierfecht.
- Paul-Eyschen-Monumenter zu Lëtzebuerg
-
Kautebaach (1916)
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Paul Eyschen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[änneren]
- ↑ Cf. http://www.luxemburgensia.bnl.lu/cgi/luxonline1_2.pl?action=fv&sid=luxbio&vol=05&page=71, entsprécht Mersch 1953 an der Literatur.
- ↑ Cf. Welter 1929: 33 an der Literatur.
- ↑ Lëscht vun de Leit déi 1894 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
