Nik Welter

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Nik Welter.
Den Nik Welter, portraitéiert vum Jean Schaack. Bild am Stater Kolléisch.
Den Nikolaus Welter (Zeechnung vum Pierre Blanc an der Zäitschrëft Floréal - 1908)
Nicolas-Welter-Monument zu Miersch (Skulptur vun der Sonia Welter)

Den Nik Welter, gebuer den 2. Januar 1871 zu Miersch, a gestuerwen den 13. Juli 1951 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Wëssenschaftler (Sprooch a Literatur), Germanist, Romanist a Staatsmann.

Seng Mamm war d'Anna Neuberg, eng Duechter vum Schmadd Neuberg, säi Papp war de Bréifdréier Theodor Welter.

Den Nik Welter huet zu Léiwen, Paräis, Bonn a Berlin studéiert a war duerno Professer am Dikrecher (1897-1906) an duerno am Stater Kolléisch (1906-1918). Tëscht 1918 an 1921 war hien Unterrechtsminister an der Regierung Reuter. Hien huet keng Partei-Politik bedriwwen.

Den Nik Welter huet haaptsächlech Theaterstécker a Gedichter geschriwwen. Säi Wierk Griselinde (1901) huet de lëtzebuergesche Komponist Alfred Kowalsky inspiréiert, eng Oper mat demselwechten Titel ze schreiwen. Aner bekannt Stécker sinn Die Söhne des Öslings, Goethes Husar, Der Abtrünnige, Professor Forster a Lene Frank.

Den Nik Welter huet sech fréi mam Félibrige, der Provenzalescher Dichterbewegung beschäftegt a stoung am Kontakt mat de Membere vum Felibertum félibrige an der Provence: dem Frédéric Mistral, dem Joseph Roumanille an dem Théodore Aubanel. Hie war méi wéi eng Kéier zu Maillane, am Departement Bouches-du-Rhône beim Mistral perséinlech an ass an de Krees vum Féliber opgeholl ginn. Sou huet hien och däitsch Romaniste wéi den Eduard Koschwitz an den August Bertuch kennegeléiert. Hien an déi zwéin Däitsch Romaniste waren déi Leit, déi dofir gesuergt hunn, datt de Frédéric Mistral 1904 den Nobelpräis fir Literatur krut.

Den Nik Welter huet seng Reesen an d'Provence an an Tunesien am Buch Hohe Sonnentage veréiwegt. A sengem Buch Im Werden und Wachsen, schreift hie vu senger Kannerzäit zu Miersch. Hie war den Auteur vum éischte Lëtzebuerger Schoulbuch, Das Luxemburgische und sein Schrifttum.

Den Nik Welter ass zu Lëtzebuerg um Nikloskierfecht begruewen.

Seng Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Welter, Nikolaus, Das Luxemburgische und sein Schrifttum; Lëtzebuerg (Drock a Verlag G. Soupert), 1914; 2. duerchgekuckt Oplo, Lëtzebuerg (Drock & Verlag G. Soupert), 1915; 139 Säiten.
  • Frühlichter
  • Siegfried und Melusina, dramatisierte Volkssage, Berlin 1900
  • Aus alten Tagen
  • Die Söhne des Öslings. Ein Bauerndrama aus der Zeit der französischen Revolution" (1904)
  • Goethes Husar, ein Schauspiel
  • Der Abtrünnige
  • Professor Forster
  • Grossmama, Die Tragödie einer Seele – Drama in einem Aufzug
  • In Staub und Gluten, Leipzig, 1909
  • Lene Frank, ein Lehrerinnendrama, 1906, Literaturanstalt Austria, Wien u. Berlin
  • Mansfeld, ein Schicksalsspiel in vier Akten, Diekirch 1912
  • Mariensommer, ein Büchlein Lieder, Saarlouis
  • Über den Kämpfen, Zeitgedichte eines Neutralen, Diekirch 1915
  • Frederi Mistral, der Dichter der Provence
  • Jousè Roumanille, sein Leben und seine Werke
  • Theodor Aubanel, ein Provenzalischer Sänger der Schönheit
    • Theodor Aubanel wurde von J.-J. Walden und F. Charpin ins Französische übersetzt: Théodore Aubanel - Un chantre provençal de la beauté
  • Die Dichter der luxemburgischen Mundart
  • Griselinde. Eine Liebe einer Rittertochter zu einem Bauernsohn. Mëllerdall
  • Freundschaft und Geleit, Erinnerungen. Luxemburg, 1936

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nik Welter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]