Nikloskierfecht
Den Nikloskierfecht, offiziell de Cimetière Notre-Dame (Liebfrauenfriedhof), läit am Lampertsbierger Quartier an der Stad Lëtzebuerg.
Den Numm "Nikloskierfecht" kennt dohier, datt 1779 nom Ofrappe vun der Nikloskierch am Stadzentrum an dem Verleeë vum Sëtz vun der Niklos-Par an déi fréier Jesuitekierch (haut: d'Kathedral) de Kierfecht vun der Par baussent d'Stadmaueren op de Glacis verluecht gouf.[1] Den neie Kierfecht koum op en Terrain bei der Neipuertskapell (Kapelle U.L.F., Chapelle Notre-Dame).[2] Esou erkläert sech den offiziellen Numm vum Kierfecht (cimetière Notre-Dame) an och déi hautdesdaag net méi geleefeg däitsch Bezeechnung "Liebfrauen-Friedhof".
Den neien "Nikloskierfecht" huet am Fong nëmmen eng Extensioun vun engem Kierfecht duergestallt, dee schonns zënter 1691 bei der Kapell existéiert huet (Muttergotteskirchhof) a wou déi zum Doud Condamnéiert, déi keng Verbriecher waren (z.B. Deserteuren), begruewe goufen. Zwee Gäert si bei den "ale" Kierfecht derbäi komm, deen een huet zu der Kapell gehéiert, deen anere war eng Proprietéit vum Helleg-Geescht-Klouschter.[2]
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Monumenter um Kierfecht
Um Nikloskierfecht gëtt et zwee grouss Monumenter:
- d'Monument vun der Resistenz an der Deportatioun, offiziell Monument national de la résistance et de la déportation, meeschtens einfach "Hinzerter Kräiz" genannt
- de Mausoleum vun de franséischen Zaldoten déi am Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg gefall sinn.
[änneren] Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten
- Mathias Adam
- Martin Blum
- Victor Bodson
- Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine
- Gaston Diderich
- Eydt-Funck-Familljegraf (Pierre Funck a Paul Funck)
- Paul Eyschen
- Jean-Baptiste Gellé
- Willy Goergen
- Joseph Junck
- Ernst Koch
- William J. Kroll
- Edouard Luja
- Metz-Familljegraf
- Léon Moulin
- Léopold Reichling
- Michel Rodange
- Eugène Ruppert
- Étienne Schmit
- Nicolas Steffen-Pierret
- Gaston Thorn
- Wilhelm Voigt (den "Hauptmann vu Köpenick")
- Batty Weber
- Nik Welter
- Lucien Wercollier
- Pierre Werner
- Guillaume Weydert
- Jean-Antoine Zinnen
[änneren] Literatur
- Kartheiser, R. 1973. Den Nikloskierfech. In: Die Warte. Luxembourg. - Année 26(1973), n° 25(04.10.), p. [4] ; n° 27(18.10.), p. [4] ; n° 28(25.10.), p. [4] ; n° 29(08.11.), p. [4].[1]
[änneren] Fotoalbum
-
Beim Agank steet d'Erënnerungsplakett un di éischt Glaciskapell(1628-1796)
[änneren] Kuckt och
- Hinzerter Kräiz
- Nikloskierch
- Rieder Bëschkierfecht, deen eenzege Bëschkierfecht zu Lëtzebuerg
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Nikloskierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |