Fernand Mertens
††
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Fernand Mertens, gebuer den 29. Februar 1872 zu Louvain, a gestuerwen den 9. Juli 1957 zu Beetebuerg , war e belsche Komponist. Hien huet iewer souzesoen säi ganzt Liewen zu Lëtzebuerg verbruecht an do geschafft. Dofir gëtt hien och zu de grousse lëtzebuergesche Komponiste gezielt.
Inhaltsverzeechnes |
Seng Studien a säi Liewen [änneren]
De Fernand Mertens ass den 29. Februar 1872 als Jong vun engem einfachen Fabréckaarbechter op d’Welt komm. Hie war dat jéngst vun 10 Kanner. De Fernand Mertens ass zu Louvain an d'Primärschoul an duerno och do an de Kolléisch gaangen. Well en ëmmer Freed un der Musek hat, wéi de Musekskritiker Léon Blasen eis erzielt, ass hien scho fréi an de Conservatoire zu Louvain gaangen an huet mat 12 Joer den éischte Präis am Solfège a mat 14 Joer den 1. Präis an der Braatsch kritt. Duerno huet hie sech an d'Normalschoul ageschriwwen. Hie war der Schoul awer geschwë midd an ass net Schoulmeeschter ginn, wéi seng Eltere wollten, mä huet sech eng Plaz gesicht. De jonge Fernand ass an déi belsch Arméi gaangen a koum als élève-cornet an de Musekscorps. 1897 ass hien dunn an d'Militärmusek zu Lëtzebuerg agetratt. Vun do u war säi Wee gemaach:
- 1901 : Dirigent vun der Diddelenger Stadmusek
- 1903 : Dirigent vun der Hollerecher Musek
- 1909 : Concours fir d'Dirigenteplaz vun der Militärmusek, aus deem hien als éischten ervirgaangen ass, a krut dorops hin datselwecht Joer seng Ernennung an där Funktioun
- 1918 gouf de Fernand Mertens zum Haff-Kapellmeeschter ernannt
- Hie war och Professer am Museksconservatoire bis zu senger Altersgrenz am Joer 1937
Nodeems e sech 1937 op Beetebuerg zréckgezunn hat, ass hien do 1957 gestuerwen a gouf den 11. Juli 1957 um Niklooskiirfecht begruewen.
Zu Beetebuerg dréit eng Strooss säin Numm.
Säi Wierk [änneren]
Eng grouss Variétéit zeechent dem Fernand Mertens säi Wierk aus. Déi folgend Lëscht ass net komplett. Nëmmen déi bekanntest Kompositiounen sinn opgeféiert :
Märsch [änneren]
De Fernand Mertens ass virun allem de Komponist vun de Märsch :
- Grande-Duchesse Charlotte Marsch (de bekanntesten)
- Prince Jean Marsch
- Princesse Josephine-Charlotte Marsch
- Lëtzebuerger Zaldotemarsch
- Ettelbruck, Porte des Ardennes
- Salut à Differdange
- Lëtzebuerg Rousestad
Sonneriën [änneren]
- Sonnerie nationale
Operetten [änneren]
- D'Wonner vu Spéisbësch (No engem Text vum Batty Weber) (Eng Operett, déi e groussen Erfolleg hat an och am Ausland ënnert dem Titel : Le Miracle de la Toison d’Or opgeféiert ginn ass)
- Am Pyjama; Musek: Fernand Mertens, Text: Nikla
- E Mammenhierz; Musek: Fernand Mertens, Text: Willy Dumont
- Eng Schwéiermamm; Musek: Mertens/Merzig, Text: Edouard Joris,
Aner Kompositiounen [änneren]
- eng Partie Potpourriën an Arrangementer wéi d'Dicksiana oder de Scholdschäin an Spuenescht Blutt
- Eng Mass zu Éieren vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg, déi 1950-51 fir gemëschte Chouer, Uergel an Orchester bestëmmt war.
- Ouverture mat dem Titel Mëllerdall.
- Scènes luxembourgeoises a fënnef Deeler.
- E puer Lidder wéi:
- Abrëll,
- Meereenchen,
- Op der Heed,
- Et reent, et reent
- Zwee Muttergotteslidder:
- Ons léif Fra vu Lëtzebuerg an
- Mutter der Liebe
Literatur [änneren]
- Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, Erausgin 1988 vun der „Lëtzebuerger Stad-Musek
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
|
|
||
|
Franz Hoebich - Philippe Decker - Gustave Kahnt - Edmond Patzké - Fernand Mertens - Pol Albrecht - Albert Thorn - Norbert Hoffmann - Pierre Nimax - André Reichling |
||