Batty Weber
| Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Batty (Jean-Baptiste) Weber, gebuer de 25. November 1860 zu Rëmeleng a gestuerwen de 15. Dezember 1940 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist, Feuilletonist an Editeur.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen [änneren]
Hie war de Jong vum Schoulmeeschter Michel Weber an der Marie-Catherine Klein vu Fréiseng. De Batty Weber ass zu Rëmeleng an der Grouss-Strooss Nr. 82 op d'Welt komm an zu Stadbriedemes opgewuess.
1903 huet hien d'Emma Brugmann bestuet. Zesummen hu si sech 1934 zu Stadbriedemes en Haus, d'Haus Heemecht gebaut. De Batty Weber ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.
1909 huet de Batty Weber de Begrëff vun der Mischkultur fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft ze beschreiwen, geprägt.
Tëschent dem 25. September 1913 an dem 17. Dezember 1940 goufen an der liberaler Luxemburger Zeitung op mannst 7.055 Texter an der Serie Abreißkalenderblätter vun him publizéiert.
Hie war Éierepresident vun der Assoss a President vun der Association luxembourgeoise des journalistes.
Wierk (Auswiel) [änneren]
- 1882 Mein Freund Gunther
- 1889 Bella Ghita
- 1890 Hart am Abgrund
- 1891 Der Amerikaner
- 1891 Verderberin
- 1909 Über Mischkultur in Luxemburg. Beilage der Münchner Neuesten Nachrichten: 121-124.
- 1912 Fenn Kaß
- Nei erausginn: Fenn Kaß. Der Roman eines Erlösten. Vorgestellt und kommentiert von Josiane Weber. Mersch: Centre national de littérature, 2001. ISBN 2-919903-03-9.
- 1922 Nick Carter auf dem Dorf
- 1923 Der Inseltraum
- 1926 Hände
Nom Batty Weber genannt [änneren]
- Batty-Weber-Präis, e Lëtzebuerger Literaturpräis.
- Stroossen zu Bäreldeng, Diddeleng, Péiteng
Illustratiounen [änneren]
-
Gebuertshaus zu Rëmeleng
-
D'Haus Heemecht zu Stadbriedemes
-
Batty Weber-Grafplack um Nikloskierfecht
Literatur [änneren]
- Meintz, Claude: Batty Weber - Bibliographie 1882-2002, Lëtzebuerg 2003.
- Kremer-Schmit, Sylvie: Repertorien zum "Abreißkalender" 1913-1940 von Batty Weber. Archives nationales, Collection inventaires, Luxemburg 2002, 2 Bd., 389 + 378 S.
- Marson, Pierre, 2007. Weber, Batty (Jean-Baptiste). S. 640-641 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Weber, Batty, 1999. Abreisskalenderblätter von 1913 - 1940 mit historischen Photos. [Einführungstext: Cornel Meder ; Red. und Bildrecherche: Christiane Wagner] Luxemburg : G. Binsfeld, 143 p. ISBN 2-87954-062-3.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Batty Weber – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Hilgert, Romain: 7 055 altbackene Betrachtungen über Gott und die Welt, D'Lëtzebuerger Land vum 2. August 2002
- Sylvie Kremer-Schmit: Zum 50. Todestag von Batty Weber, ons stad, Nr 35, Dezember 1990, S. 26-28