Klëppelkrich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Monument vum Klëppelkrich bei der Abtei zu Klierf, vu Süde gesinn.
Detail vun der Nordsäit (Klierf)

De Klëppelkrich (fr.: guerre des gourdins, dt.: Klöppelkrieg, flamm.: Boerenkrijg) am Joer 1798 war als Befreiungskrich vun der Bevëlkerung vun de fréieren éisträich-nidderlännesche "Provënzen", vum ale Prënzbistum Léck a vu verschiddenen Uertschaften an der Westäifel, géint de franséische Regime geplangt, deen iwwerdriwwen héich Steiere gefrot, d'Kierchen deelweis zougemaach [1] a schlussendlech och nach de Jonktem fir seng Arméi rekrutéiert [2] huet. D'Bezeechnung Klëppelkrich kënnt dohier, datt d'Bauere just e puer vereenzelt Flënten haten, an dofir virun allem mat hire Klëppele, Gafelen, Greefer a Séisselen an de Krich gezu sinn. Déi franséisch Truppen hunn deen Opstand och deementspriechend séier a bluddeg néiergeschloen.

Virgeschicht an Ursaache vum Klëppelkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Fréijoer 1794 sinn déi franséisch Revolutiounstruppen a Lëtzebuerg agefall, an hunn et bis de Summer vum selwechte Joer och komplett besat. Nëmmen d'Festung, wou nach éisträichesch Truppen dra waren, huet eréischt de 7. Juni 1795 kapituléiert.[3]

D'Fransousen hu vill Reformen an hiren neien Departementer duerchgesat, mol gudder wéi d'Meenungsfräiheet, mol manner gudder wéi d'Eropsetze vun de Steieren. Dozou koum och nach d'Rekrutéierung vun alle Männer tëscht 20 a 25 Joer. De Gilbert Trausch schreift : "Pour les Luxembourgeois, un service militaire obligatoire et général constitue une innovation [...] Or, en 1798, les jeunes gens doivent servir loin de la patrie, en Allemagne et en Italie." [4][5] Dobäi koum och de gesondheetlechen Zoustand vun de jonke Rekruten, 48,2 % vun den Éisleker ware gesondheetlech net qualifizéiert [4].

Och de Klerus huet elle misse schlécken, well all seng Privilegie waren op ee Coup fort, a Paschtéier, déi net den Eed op d'franséisch Republik a géint d'Monarchie ofleeë wollten, hu keng Mass méi däerften halen [1].

Opgestëppelt vum Klerus, den Éisträicher an den Englänner, déi all hir Ënnerstëtzung zougesot haten, hunn d'Éisleker an Äifeler Bauere sech zesummegedoen, fir relativ onméiglech Ziler z'erreechen: d'Festunge Lëtzebuerg a Léck anhuelen a sou den Ëmstuerz an den neie franséischen Departementer Ourthe a Forêts erbäizeféieren.

Verlaf vum Klëppelkrich[änneren | Quelltext änneren]

De 26. Oktober goufen zu Klierf d'Gendarmen an de Buergermeeschter festgeholl, an op Housen bruecht, wou d'Baueren hiren Haaptquartéier ageriicht hunn. De 27. Oktober koum et zu méi lokalen Opstänn zu Wolz, zu Leidenborn (Äifel) an zu Burg-Reuland an der haiteger Belsch.

Den 29. Oktober wollt eng Arméi vun 2.000 Mann d'Stad Lëtzebuerg vun de Fransouse befreien. Si sinn awer net méi wäit wéi bis op Housen komm, well d'Bauere gemengt hate, si hätte franséisch Zaldote gesinn. Et war awer nëmmen eng Trupp vu Gendarmen, déi allerdéngs sou geschéckt marschéiert sinn, datt een hätt kënne mengen, eng ganz Arméi wier um Umarsch.

Erënnerungsplack zu Daleiden

Nodeem 110 franséisch Zaldoten op Arzfeld ofkommandéiert gi waren, hu sech 500 Baueren zesumme gedo, fir d'Fransousen unzegräifen. Den 30. Oktober 1798 koum et bei Arzfeld dann och zu enger Schluecht. Heibäi si 7 franséisch Zaldoten an 33 Äifeler ëm d'Liewe komm. D'Fransousen hunn 32 Gefaange gemaach, vun deenen déi meescht 1799 zu Lëtzebuerg higeriicht goufen.

A Flandern (Departementer Lys an Escaut/Schelde) an am éischter flammeneschen Del vu Brabant (Departementer Deux-Nèthes an Dyle) gouf den Opstand Boerenkrijg genannt. Eng Trupp vu 5.000 - 10.000 Brigangen, déi vun der franséischer Arméi verfollegt ginn ass, gouf zu Hasselt (Meuse-Inférieure) de 5. Dezember 1798 geklappt. Et waren dausende vun Afferen ze bekloen, an d'Folleg war eng Repressioun mat 170 Exekutioune vun de Cheffen.

Am wallounesche Brabant, am Hainaut (Jemappes), zu Namouer (Sambre-et-Meuse) an zu Léck (Ourthe) gouf et och Resistenzen, mä generell goufen hei d'franséisch Autoritéite besser begréisst.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

De Klëppelkrich huet net laang gedauert, an hat och keng weider direkt Konsequenze fir d'franséisch Autoritéiten an hiren neien Departementer. Den Opstand konnt séier néiergeschloe ginn. "La rébellion des paysans luxembourgeois ressemble à un feu de paille : elle dégage une forte chaleur, mais s'affaisse rapidement."[4]

An de Mentalitéite vun de Lëtzebuerger huet de Klëppelkrich allerdéngs eng grouss Bedeitung kritt. Dëst war den éischte groussen Opstand an der Geschicht vum Land. "Par leur impact sur l'imaginaire populaire, les soulèvements paysans de 1798 ont servi à construire un sentiment national luxembourgeois." [4]

Monumenter déi un de Klëppelkrich erënneren[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument um Lampertsbierg
La Croix française[6], d'Monument zur Erënnerung un déi gefalen Zaldoten aus der franséischer Arméi zu Klierf.
  • Um Lampertsbierg, op der Kräizung vun der Faïenceriestrooss mat der Allée des résistants et des déportés.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Klëppelkrichmonument um Lampertsbierg Nuvola apps xmag.png

  • Zu Klierf, e Monument a Form vun engem Justizkräiz.
  • Zu Klierf, am Zenter vun der Stad, eng Zort Géigemonument, a Form vun engem Kräiz. Et gouf an den 1830er Joren zur Erënnerung un d'Zaldote vun der Éischter franséischer Republik opgeriicht.
  • Zu Aasselbur. D'Monument gouf 1989, bei Geleeënheet vun der 150-Joer-Onofhängegkeetsfeier vu Lëtzebuerg ageweit.

An Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

  • Zu Arzfeld, bei der Kierch, e Monument mat enger Erënnerungsplack donieft. (1908)
  • Zu Dahnen, bei der Kierch. (1998)
  • Zu Daleiden, op der Maartplaz. (1998)

An der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

De Klëppelkrich-Timber vun 1979[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Abrëll 1979 huet déi lëtzebuergesch Post en Timber eraus ginn, deen un de Klëppelkrich erënnert. Lénks um Timber ass en Deel vum Klëppelkrich-Monument zu Klierf ze gesinn, mam Michel Pintz viru senge Riichteren, a riets den Text op der Plack vum Monument um Lampertsbierg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Klëppelkrich Monument zu Dahnen
  • Atten, Alain, 1998. Der Klöppelkrieg in Bildern. Islek ohne Grenzen EWIV, Wäisswampech.
  • Baumann, Roland, 1988. Der Luxemburger Bauernaufstand. G. Binsfeld, Lëtzebuerg.
  • Haag, Emile, 2011. Le «Klëppelkrich»: épopée et réalité octobre-novembre 1798, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles. Lëtzebuerg, éditions Guy Binsfeld; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 214-223.
  • Islek ohne Grenzen EWIV, 2002. Klëppelkrich, Erinnerungen einer Landschaft. Imprimerie Fr. Faber, Lëtzebuerg.
  • Kmec, Sonja, 2008. De Klëppelkrich. La guerre des gourdins. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 141-146. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Knepper, Aimé, 2009. La légende du "Klëppelkrich". Tageblatt 24./25. Oktober, Nr. 248, S. 68.
  • Meyer, Roland, 2000. Eng Foto vum (Klëppel)Krich. Op der Lay, Esch-Sauer.
  • Trausch, Gilbert, 1995. A propos du Klëppelkrich: Les soulèvements paysans de 1798 avaient-ils une chance de réussir ? In: Un passé resté vivant. Mélanges d'histoire luxembourgeoise. Lions Club Luxembourg Doyen. S. 21-34. Imprimerie Saint-Paul. ISBN 2-87982-059-6
  • Trausch, G. 1988. Du particularisme à la nation / Vom Sonderbewusstsein zur Nation. Éd. Saint Paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-062-2.
  • Trausch, G., 2003. Histoire du Luxembourg. Éditions Privat, Toulouse. ISBN 2-7089-4773-7.
  • Verhaegen, Paul, 1981. La guerre des paysans 1798-1799. Band 3 vun: La Belgique sous la domination française, 1792-1814. Ed. culture et civilisation, Bréissel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Vgl. Zivilkonstitutioun vum Klerus
  2. Vgl. Gesetz Jourdan-Delbrel a Konskriptioun
  3. Zu där Zäit war Lëtzebuerg zesumme mat der Belsch an engem Deel vun Holland en Deel vun den Éisträicheschen Nidderlanden
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Trausch, Gilbert, Histoire du Luxembourg, Toulouse, 2003, S. 205-206.
  5. Sou nei däerft d'Zwangsrekrutéierung fir d'Lëtzebuerger net gewiescht sinn, well schonn d'Éisträicher hunn déi fläisseg bedriwwen; cf Alphonse Sprunck, Cahiers luxembourgeois, 1, 1949 Sous les drapeaux de Marie-Thérèse
  6. Guide Escapardenne, Eisleck Trail, 2012, S. 74.