Jean vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Jean vu Lëtzebuerg 5. Januar 1921 – - |
||||||
![]() |
||||||
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Jean Benoît Guillaume Robert Antoine Louis Marie Adolphe Marc d'Aviano vu Lëtzebuerg, gebuer de 5. Januar 1921 op Schlass Bierg, war Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1964 bis 2000.
De Prënz Jean koum um Schlass vu Kolmer-Bierg als Jong vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg an hirem Mann, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma op d'Welt. Hien huet säi Lycée zu Lëtzebuerg an zu Ampleforth a Groussbritannien gemaach. De 5. Februar 1939 gouf hien zum Ierfgroussherzog ernannt.
Wéi d'Wehrmacht den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg iwwerfall huet, huet e mat senger Famill d'Land verlooss. Hien huet fir d'éischt am Quebec gelieft, wou en op d'Universitéit vu Laval goung. Enn 1942 huet hie sech bei den Irish Guards gemellt an eng Militärausbildung zu Aldershot gemaach, no deer e Lieutenant (1944) an dono Captain gouf (1945). 1984 gouf e Colonel.
Den 11. Juni 1944 ass hien an der Normandie gelant a war bei der Schluecht vu Caen an der Befreiung vu Bréissel dobäi. Den 10. September 1944 war hien, zesumme mat sengem Papp, bei den alliéierten Truppen, wéi déi Lëtzebuerg befreit hunn. Kuerz dono, bis un d'Enn vum Krich, war de Prënz Jean bei senger Unitéit, déi Arnhem befreit an an der Ardennenoffensiv mat gekämft huet.
Tëschent 1951 an 1961 war de Prënz Jean Member vum Staatsrot. Den 9. Abrëll 1953 huet hie sech mat der Prënzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch bestuet. Den 28. Abrëll 1961 huet seng Mamm en zum Lieutenant représentant ernannt, an den 12. November 1964 koum hien no senger Mamm op den Troun a gouf Groussherzog vu Lëtzebuerg. Dee selwechten Dag krut hien den Titel Generol vun der Lëtzebuerger Arméi.
Iwwer en Drëttel Joerhonnert war hien un der Spëtzt vum Land. De 7. Oktober 2000 huet hien zu Gonschte vu sengem eelste Jong Henri op den Troun verzicht.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Kanner
- Prinzessin Marie-Astrid, *17. Februar 1954 ;
- Prënz Henri, *16. Abrëll 1955 (Groussherzog zënter dem 7. Oktober 2000);
- Prënz Jean *15. Mee 1957;
- Prinzessin Margaretha, *15. Mee 1957;
- Prënz Guillaume, *1. Mee 1963.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Bam vum Prënz Jean am Pescatore-Park an der Stad Lëtzebuerg
- Politesche System vu Lëtzebuerg
- Groussherzog vu Lëtzebuerg
[änneren] Um Spaweck
| Virgänger: Charlotte |
Groussherzog vu Lëtzebuerg 1964- 2000 |
Nofolleger: Henri |
