Schlass Bierg
D'Schlass Bierg ass déi groussherzoglech Residenz. Et steet zu Kolmer-Bierg.
Inhaltsverzeechnes |
Anlagen [änneren]
Um Standuert vum haitege Schlass stounge folgend Anlagen, vun deene keng bis wéineg Spure méi ze fanne sinn:[1]
- eng éischt Buerganlag am 14. Joerhonnert;
- e barocken Neibau am 18. Jh.;
- e gréissert, neogotescht Schlass ëm 1850-1879.
- Réischt 1907-1911 gëtt dat haitegt Schlass opgeriicht, vun deene virege Gebaier bleiwen nëmme ganz wéineg Elementer erhalen. Imposant ass virun allem dee 65m héijen Haapttuerm.
Geschicht [änneren]
Déi éischte Kéier, wou vun engem Här vu Berghe rieds goung, war 1311. D'Schlass Bierg huet an de Joerhonnerten duerno ëmmer nees de Proprietaire gewiesselt. 1845 huet de Barong du Pasquier et dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. zesumme mat der Kolmer Schmelz verkaaft. 1848 huet d'Lëtzebuerger Konstitutioun d'Schlass Bierg als Residenz vum Groussherzog vu Lëtzebuerg festgeluecht.
Ënnert dem Wëllem III. gouf d'Schlass am neo-gotesche Stil ëmgebaut. 1891 ass d'Schlass an de Besëtz vum neie Groussherzog Adolphe iwwergaang, a säi Jong, den Ierfgroussherzog Wëllem, ass do erageplënnert. 5 vu senge 6 Duechtere sinn do op d'Welt komm. Wéi en als Wëllem IV. op den Troun koum, huet hien dat aalt Schlass ofrappen an duerch en neit ersetze gelooss. Architekt war de Münchener Max Ostenrieder, ausgefouert goufen d'Aarbechten tëscht 1907 an 1911 vum Pierre Funck.
D'Groussherzoginne Marie-Adélaïde a Charlotte haten do hir Residenz. 1934 huet de Staat d'Schlass opkaaft, fir et direkt nees der Groussherzogin als Residenz zur Verfügung ze stellen.
An der Zäit vun der däitscher Besatzung gouf tëschent 1941 an 1944 am Schlass eng "Napola", d.h. eng Eliteschoul fir Meedercher bedriwwen. Dobäi gouf villes ëmgebaut an déi meescht Konschtwierker a Miwwele sinn an där Zäit verschwonnen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalpolitische Erziehungsanstalt Kolmar-Berg ![]()
Nom Krich hunn d'Renovatiounsaarbechten gedauert an d'Grande-Duchesse Charlotte ass an d'Schlass Fëschbech wunne gaangen. Eréischt 1964, wéi hire Jong Jean Groussherzog gouf, huet hie mat Fra a Kanner säi Wunnsëtz an d'Schlass Bierg verluecht.
Och säi Jong Henri huet do, nodeems en 2000 Groussherzog gouf, an no Renovéierungsaarbechten, zënter 2002 mat senger Famill seng Residenz.
Am Schlass ass d'Lëtzebuerger Haffbibliothéik, déi aus enger 30.000 Bicher besteet.
Literatur [änneren]
- Anonym, 1912. Schloss Colmar-Berg. Der Profanbau H. 5: 111-132. Leipzig.
- Frising, Fränz, 1965. Schloss Berg im Wandel der Zeiten. S. 9-24 in: Colmar-Berg : was einst war und sich immer neu gestaltet. Luxemburg.
- Koltz, Jean-Pierre, 1978. Schloss Berg an der Attert. Heimat und Mission Jg. 52, n° 1/2: 4-6. Clairefontaine.
- Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute : ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder] Luxembourg : RTL Édition, 271 p.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Schlass Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Cf. Krantz & Quintus 1984: 145-146 an der Literatur.