Wëllem II. vun Holland
De Wëllem II. vun Holland (Willem van Oranje-Nassau) gebuer de 6. Dezember 1792 zu Den Haag a gestuerwen de 17. Mäerz 1849 zu Tilburg war Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840 bis 1849.
Hie war de Jong vum Wëllem I. an der Wilhelmina vu Preisen.
Hien huet sech 1816 mat der Groussherzogin Anna Pavlovna vu Russland bestuet.
D'Koppel hat véier Kanner:
- Henri vun Oranien-Nassau (1820-1879). Hien huet sech 1853 mat der Amelia vu Sachsen-Weimar bestuet, an no där hirem Doud huet sech 1878 mat der Maria vu Preisen bestuet.
- Sophie vun Oranien-Nassau (1824-1897). Si huet sech 1842 mat dem Charel-Alexander vu Sachsen-Weimar-Eisenach (1818-1901) bestuet.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
Hie war Offizéier an der britescher Arméi a war während de Kricher géint de Napoléon am Spuenesche Krich als Aide de camp vum Wellington derbäi. 1813 goung hien an Holland zréck an hat de Kommando vun der hollännescher Arméi fir géint den Napoléon während de Cent Jours ze kämpfen. Hie war bei der Schluecht vu Quatre-Bras a bei där vu Waterloo op der Säit vun de Coalliéierten derbäi.
Hie koum am Oktober 1840, nodeems säi Papp de Wëllem I. ofgedankt hat, op den Troun. Hie war e moderéierten Herrscher an huet, fir enger Revolution am Land aus de Féiss ze goen, 1848 Holland eng nei liberal Konstitutioun ginn déi haut nach mat klengen Ännerungen a Kraaft ass.
Monumenter [änneren]
Un de Wëllem II. vun Holland erënneren:
Literatur [änneren]
- Haag, Emile, 2011. Guillaume II *1792 †1849, souverain populaire entre tous, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 242-249.
Quellen [änneren]
- Jean-Charles Volkmann: Généalogie des rois et des princes. Edit. Jean-Paul Gisserot (1998).
Kuckt och [änneren]
Biller [änneren]
| Virgänger: Wëllem I. |
Groussherzog vu Lëtzebuerg 1840-1849 |
Nofolger: Wëllem III. |
| Virgänger: Wëllem I. |
Kinnek vun Holland 1840- 1849 |
Nofolger: Wëllem III. |
| Commons: Wëllem II. vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien |