Wëllem-II.-Monument (Stad Lëtzebuerg)
D'Monument Wëllem II um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg ass eng Reiderstatue déi un de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. vun Holland erënnert.
Et gouf e restriktiwe Concours mat de fënnef Kënschtler Auguste-Nicolas Caïn vu Paräis, Emil Hundrieser vu Berlin, Charles Pêtre vu Bourges, Antonin Mercié vu Paräis a Charles van der Stappen vu Bréissel organiséiert.
Duerch Gesetz vum 29. Dezember 1880 gouf festgeluecht, datt op Käschte vum Staat, e Monument als Erënnerung un de Kinnek Wëllem II op enger ëffentlecher Plaz an der Stad Lëtzebuerg géif opgeriicht ginn.[1] D'Gesetzespropositoun dozou war de 15. Dezember 1880 vun der Chamber gestëmmt ginn.
D'Viraarbechte fir d'Réalisatioun vum Monument goufe vum Jean-Auguste Marc gemaach.
Inhaltsverzeechnes |
Elementer vum Monument [änneren]
- D'Skulptur vum Wëllem II ass e Wierk vum Antonin Mercié
- D'Skulptur vum Päerd ass e Wierk vum Victor Peter
- De Sockel ass no engem Entworf vum Architekt Léon Ginain (nodeems sech den Abel Pujol zréckgezunn hat)
- D'Bas-Relieffe goufe vum Jean-Auguste Marc gezeechent
- D'Gelänner, dat haaptsächlech zu Paräis hirgestallt gi war, gouf vun de Bridder Mathias an Henri Gilbert vum Atelier Pierre Gilbert installéiert
D'Skulpturen an d'Bas-Relieffe goufe vum Géisser Victor Renon vu Paräis hirgestallt.
Aweiung [änneren]
D'Monument gouf de 5. November 1884 a Presenz vum Kinnek Wëllem III. vun Holland an deem senger Fra ageweit.[2]
Monument zu Den Haag [änneren]
Zu Den Haag am Buitenhof steet e Monument mat enger identescher Skulptur.
Literatur [änneren]
- Probst, Jean, 1984: Les monuments de la Ville de Luxembourg - Guillaume II, In: Ons Stad Nr 17, Ss. 20-21
- Das Luxemburger Land Nr 44 & 45 vum 2. November 1884
Kuckt och [änneren]
| Commons: D'Monument op Commons – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Michel-Rodange-Monument um Knuedler
- Dicks-Lentz-Monument op der Plëss d’Arem
- Plazen an der Stad Lëtzebuerg