Clairefontaine-Plaz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Clairefontaine-Plaz vun uewe gesinn (November 2009).
Gebaier op der Ostsäit vun der Plaz, mam Nobau vum Tuerm (1983-1984), deen zur zweeter Festungsmauer gehéiert hat, an dee bei "Restauratiounsaarbechten" an e Koup gefall ass. (Cf. d'Plack hei drënner).

D'Clairefontaine-Plaz, offiziell Place de Clairefontaine, läit am Zenter vun der Stad Lëtzebuerg, nieft dem Hôtel Saint Maximin (dem Sëtz vum Ausseministère). Direkt dernieft, am Hôtel de Bourgogne, huet och de Staatsminister säi Sëtz. Den Numm huet se vum Refuge vun der fréierer Abtei Clairefontaine, deen do stoung, an deen 1933 ofgerappt gouf.

Am Zenter vun der Clairefontaine-Plaz steet zënter 1990 e Monument zu Éiere vun der Grande-Duchesse Charlotte mat enger Skulptur vum Jean Cardot.

De véiereckegen Tuerm op der Ostsäit vun der Plaz huet zu der zweeter Festungsmauer gehéiert, déi vum Grof Giselbert ëm 1050 gebaut gouf. E gouf ufanks vum 17. Joerhonnert am Renaissance-Stil no uewen ausgebaut a war vun do u bewunnt, zesumme mat der Maison Mohr-de-Waldt niewendrun, déi ëm 1600 gebaut gouf. Den Tuerm an d'Haus goufen 1981 als Monument historique klasséiert. Enn 1982 ass den Tuerm, deem seng Fëllementer méintelaang fräigeluecht waren, an deen net ofgestäipt war, an e Koup gefall. Wat vun de Gebaier rescht war, gouf bis 1984 restauréiert, en nogebauten Tuerm huet den Originaltuerm ersat.[1]

Ënner der Plaz ass e Parking deen net ëffentlech zougängeg ass.

Inhaltsverzeechnes

Literatur [änneren]

  • Schmitt, Michel, 1990. La Place de Clairefontaine et son passé historique : un haut-lieu de la mémoire collective. S. 33-41 in: Regéierungscommissioun fir d'Monument, 1990. Monument Grande-Duchesse Charlotte : inauguration, le 29 avril 1990, Luxembourg, Place de Clairefontaine. [éd. Regéierungscommissioun fir d'Monument ; dir. Martin Gerges ; préface Jacques Santer]. 104 p. Impr. Centrale, Lëtzebuerg.


Fotoen [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Clairefontaine-Plaz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [änneren]

  1. Cf. Plack op der Mauer nieft dem Tuerm; cf. och Jemp: "Den Tuerm as gefall." in: forum Nr.61 vum 29.1.1983, S.42.