Jean Cardot
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Cardot, gebuer den 20. Juli 1930 zu Saint-Étienne an der Loire, ass e franséische Sculpteur.
Zënter 1983 ass hie Member vun der Académie des Beaux-Arts, déi hien 1992 an 1997 presidéiert huet. Zu senge bekannte Wierker gehéieren eng Rei vu Statue vu grousse Perséinlechkeeten, déi ënner anerem zu Paräis stinn: Winston Churchill (1998), vis-à-vis vum Petit Palais; Charles de Gaulle (2000), vis-à-vis vum Grand-Palais; Thomas Jefferson (2006), bei dem Pont des Arts.
D'Skulptur um Site vun der Atomzentral vu Cattenom, déi en Trapp Schof duerstellt, ass och vum Cardot (1987), grad ewéi d'Statu vun der Groussherzogin Charlotte op der Clairefontaine-Plaz an der Stad (1990).
Literatur[änneren]
- Anonyme: Jean Cardot. In: Monument Grande-Duchesse Charlotte: inauguration, le 29 avril 1990, Luxembourg, Place de Clairefontaine. [éd. Regéierungscommissioun fir d'Monument; dir. Martin Gerges]. Lëtzebuerg 1990, S. 29-32.
- Henry Bonnier: Jean Cardot. Éditions Adam Biro, Paris 2000, 238 S.
-
Statu vum de Gaulle zu Warschau
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Jean Cardot – Biller, Videoen oder Audiodateien |