Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 12. Oktober ass den 285. Dag (286. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1969: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:5 géint Polen. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Josy Kirchens geschoss.[1]
- 1977: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:2 géint England.[2]
- 1983: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:6 géint Dänemark.[3]
- 1991: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Portugal. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Carlo Weis geschoss.[4]
- 1993: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmesschterschaft 1994, 1:3 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Stefano Fanelli geschoss.[5]
- 1994: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Minsk, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:2 géint Wäissrussland.[6]
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:2 géint Dänemark.[7]
- 2005: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:2 géint Estland.[8]
- 2010: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Metz, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Frankräich.[9]
- 2012: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:6 géint Israel.[10]
- 1544: Jean Bertels, Abt vun der Abtei Neimënster an Iechternach, Chronist an Historiker.
- 1721: Emmanuel Limpach, Abt vun der Abtei Iechternach.
- 1887: Betty Fischer, éisträichesch Operettesängerin.
- 1889: Perle Mesta, US-amerikanesch Diplomatin.
- 1899: Josef Eichner, däitsche Politiker.
- 1904: Mathias Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1905: Joseph Kosma, éisträichesch-ungaresch-franséische Filmmusekkomponist.
- 1906: Virginie Rausch, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 1907: Charles Lambert, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1911: Félix Lévitan, franséische Sportsjournalist.
- 1915: Bernhard Rhein, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1925: Elmar Hillebrand, däitsche Sculpteur.
- 1935: Luciano Pavarotti, italienesche Sänger.
- 1935: Berthe Lutgen, lëtzebuergesch Molerin.
- 1936: Pascale Audret, franséisch Schauspillerin.
- 1941: Frank Alamo, franséische Sänger.
- 1944: Ton Koopman, hollänneschen Dirigent, Organist an Cembalist.
- 1944: Johny Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1945: Jacques-Yves Henckes, lëtzebuergesche Politiker.
- 1945: Aurore Clément, franséisch Schauspillerin.
- 1946: Rosanna Marani, italienesch Journalistin a Schrëftstellerin.
- 1964: Marie-Paule Jungblut, lëtzebuergesch Historikerin, Philologin a Spezialistin fir Museologie.
- 1970: Cláudia Abreu, brasilianesch Schauspillerin.
- 1978: Georg Hettich, däitsche Schileefer.