George Howard Herbig

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De George Howard Herbig, gebuer den 2. Januar 1920 ass en US-amerikaneschen Astronom.

Inhaltsverzeechnes

Seng Aarbecht [änneren]

1948 krut hie säin Doktertitel (Ph.D.) vun der University of California zu Berkeley. Seng Dissertatiounsaarbecht beschäftegt sech mat T-Tauri-Stären. Déi dozou erfuerderlech Fuerschungen huet hien am Lick-Observatoire ausgefouert. An de spéidere 60er Joren ass den Observatoire un d´University of California, Santa Cruz, iwwergangen.

Zu sengen Entwërf gehéiert och dat 3m-Shane-Teleskop am Lick-Observatoire. 1988 huet hien an d´Universitéit op Hawaii ëmgewiesselt, wou hien ëmmer nach täteg ass.

Fuerschungsschwéierpunkt [änneren]

Säin Haaptaufgabegebitt sinn spektroskopesche Ënnersich vu jonke Sternen, Stäreformatiounen an interstellar Matière. Hien huet vill T-Tauri-Stäre fonnt. Onofhängesch vum Guillermo Haro entdeckt hien d´Herbig-Haro-Objete. Dobäi handelt et sech ëm Gaswolleken, déi zu jonke Stäre gehéieren.

Éierungen [änneren]

Den Asteroid (11754) gouf no him genannt.

Um Spaweck [änneren]