19. Oktober
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 19. Oktober ass den 292. Dag (293. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Sep – Oktober – Nov | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1789: Frankräich: Grënnung vum Jakobinerklub.
- 1805: D'Fransousen gewannen d'Schluecht vun Ulm.
- 1920: D'Hadir gëtt gegrënnt.
- 1959: Éischt deeglech Emissioun vum lëtzebuergesche Programm vun RTL op UKW am Kanal 18.
- 1967: Deen éischte Cactus-Supermarché mécht zu Lëtzebuerg seng Dieren op.
- 2001: Kjell Magne Bondevik gëtt Ministerpresident an Norwegen.
- 2001: De Leszek Miller gëtt Regierungschef a Polen.
- 2012: Hochzäit vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Stéphanie de Lannoy.
Sport
- 1952: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[1]
- 1960: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1962, 0:9 géint England.[2]
- 1975: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Szombathely, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 1:8 géint Ungarn. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[3]
Gebuer [änneren]
- 1862: Auguste Lumière, franséische Chemiker an Entreprener.
- 1870: Jean-Pierre Koenig, lëtzebuergeschen Architekt an Ingenieur.
- 1865: Xavier Brasseur, lëtzebuergeschen Deputéierten.
- 1899: Miguel Ángel Asturias, guatemaltekesche Schrëftsteller.
- 1899: Sidonie Goossens, britesch Harfspillerin.
- 1906: Aloyse Bové, lëtzebuergesche Moler a Bannenarchitekt.
- 1913: Vinícius de Moraes, brasilianesche Museker.
- 1925: Raymond Impanis, belsche Vëlossportler.
- 1931: John le Carré, britsche Schrëftsteller.
- 1932: Lucile Saint-Simon, franséisch Schauspillerin.
- 1944: Clemens Klopfenstein, Schwäizer Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1952: Nico Loes, lëtzebuergesche Politiker.
- 1975: Hilde Gerg, däitsch Alpinschileeferin.
- 1981: Heikki Kovalainen, F1-Pilot.
- 1992: David Turpel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 1745: Jonathan Swift, englesch-iresche Schrëftsteller a Satiriker.
- 1868: Jean-Pierre David Heldenstein, lëtzebuergeschen Apdikter a Politiker.
- 1902: Eugénie Dutreux-Pescatore, lëtzebuergesch Konschtmäzenin.
- 1912: Julius Maggi, Schwäizer Erfinder vum Zoppe-Cube.
- 1937: Ernest Rutherford, britesche Physiker.
- 1943: Camille Claudel, franséisch Sculptrice.
- 1955: Eugène Joseph Delporte, belschen Astronom.
- 2003: Guido Bachmann, schwäizeresche Schrëftsteller
- 2009: Michel Schmitt, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Kierchenhistoriker.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 19. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 19. Oktober1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 19. Oktober 1960 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Ungarn-Lëtzebuerg den 19. Oktober 1975 um Site European Football