Guido Bachmann

Vu Wikipedia
Guido Bachmann
Gebuer 28. Januar 1940
Luzern
Gestuerwen 19. Oktober 2003
St. Gallen
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Schauspiller, Schrëftsteller

De Guido Bachmann gebuer den 28. Januar 1940 zu Luzern; a gestuerwen den 19. Oktober 2003 zu St. Gallen war ee schwäizeresche Schrëftsteller.

Hien hat Museksgeschicht an Theaterwëssenschaft zu Bern studéiert. Hien huet als fräie Schrëftsteller a Schauspiller zu St. Galle gelieft a krut en ettlech Auszeechnunge fir säi Wierk.

1990 krut hien de Basler Literaturpräis fir säi ganzt literarescht Schaffen.

Hie krut fir Lebenslänglich 1997 de Buchpreis des Kantons Bern, an 1998 de Buchpreis der Stadt Bern.

2003 krut hien erëm de Buchpreis des Kantons Bern fir "Sommerweide".

Dem Guido Bachmann säi ganzt Wierk ass duerchwuess vun den Theemaen Homosexualitéit a Psychiatrie.

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Sommerweide, 2002. Den zweeten Deel vu senger Autobiographie.
  • Lebenslänglich, 2000. Den éischten Deel vu senger Autobiographie.
  • Bedingt entlassen, 2000
  • Gilgamesch, 1998
  • Die Wirklichkeitsmaschine, 1994
  • Kehrseiten, 1991
  • Dionysos, 1990
  • Zeit und Ewigkeit, 1989

Alleguer am Lenos Verlag vu Basel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]