St. Gallen
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
St. Gallen (fr. St-Gall, it. San Gallo, rät. Sogn Gagl) asst eng politesch Gemeng an d'Haaptstad vum Kanton St. Gallen an der östlechen Schwäiz. St. Gallen huet 74.879 Awunner (Januar 2008) an ass mat ronn 700 Meter iww. M. eng vu den héich leiende Stied an der Schwäiz.
D'Stad St. Gallen läit un der Steinach, engem Floss, deen an de Bodenséi fléisstt. Si gouf am 7. Joerhonnert gegrënnt und gëtt haut heute als de kulturellen und wirtschaftlechen Zentrum vu der Ostschwäiz betruecht. Si läit un den Haaptverkéiersstrecken St. Margrethen - Rorschach - St. Gallen - Winterthur - Zürich an Romanshorn - St. Gallen - Rapperswil - Luzern an stellt d'Puert duer fir an d'Appenzellerland. Touristesch interessant ass d'Stad duerch seng Stiftskiirch an der Stëftsbibliothéik, déi vun der Unesco op d'Lëscht vu der Weltkulturierfschaft opgeholl goufen. Bekannt ass St. Gallen och duerch seng Universitéit.
| Commons: St. Gallen – Biller, Videoen oder Audiodateien |