Ernest Rutherford
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ernest Rutherford, gebuer den 30. August 1871 zu Nelson (Neiséiland) a gestuerwen den 19. Oktober 1937 zu Cambridge, war e britesche Physiker.
Heen huet 1902 d'Hypothes opgestallt, datt chemesch Elementer duerch radioaktiven Zerfall an Elementer mat méi niddreger Uerdnungszuel iwwerginn. 1903 huet en d'Radioaktivitéit an Alphastralung, Betastralung a Gammastralung no der positiver, negativer oder neutraler Oflenkung vun de Stralendeelercher an engem Magnéitfeld opgedeelt an en huet de Begrëff vun der Hallefwäertszäit agefouert. Dës Aarbecht gouf 1908 mat dem Nobelpräis fir Chimie ausgezeechent.
De Rutherford war an de Joere 1925 bis 1930 Président vun der Royal Society.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Ernest Rutherford – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) http://www.physik.tu-muenchen.de/~kressier/Bios/Rutherford.html
- (en) http://www.pbs.org/wgbh/aso/databank/entries/bpruth.html
- (en) http://www.nzedge.com/heroes/rutherford.html
- (de) http://www.bhak-bludenz.ac.at/physik/geschichte/physiker/rutherford.shtml