Physiker

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Particle physics stub.svg Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Physiker ass eng Beruffsbezeechnung fir Wëssenschaftler, déi an der Physik täteg sinn.

Inhaltsverzeechnes

Beruffsfeld [änneren]

Physiker (Diplom-Physiker) besetzen e villfälltegt Beruffsfeld: si léisen Aufgaben an der Grondlag- an Industriefuerschung, Entwécklung, Produktioun, Berodung, Organisatioun a Verwaltung, am Marketing, am Ëffentlechen Déngscht an an der Léier op Schoulen an Héichschoulen. Dobäi schadden si mat Methoden wéi: theoreteschen, experimentellen an ugewandten Physik.

An der Regel sinn si op ee Spezialgebitt orientéiert, wéi zum Beispill Kärphysik an Elementardeelchephysik, Atom-, Héichenergiephysik an Molekularphysik, Clusterphysik, Festkierperphysik, Hydrodynamik, Aerodynamik, Stréimungsléier, Thermodynamik, Optik, Akustik, Elektrodynamik, Plasmaphysik an Déiftemperaturphysik, Astrophysik, Extraterrestresch Physik, Biophysik.

Diplom-Physiker schaffen an der Fuerschung a ginn hir Léier weider op den Héichschoulen. Si sinn an der Fuerschungs- an an der Entwécklung vun Entreprisen a bal alle Branchen aktiv, zum Beispill am Maschinnen- oder Gefierbau, an der Radio-, an der Noriichtentechnik, der Medezin-, der Mooss-, Steier- an der Regelungstechnik, der Energieschafung an der -verdeelung oder der Chemesch Industrie.

Literatur [änneren]

  • Die großen Physiker, 2 Bde.: Von Aristoteles bis Kelvin; Von Maxwell bis Gell-Mann. Hrsg. v. Karl von Meyenn. 1997, ISBN 3-406-41151-7

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Physiker – Biller, Videoen oder Audiodateien