Gilbert Dussier

Vu Wikipedia
Gilbert Dussier
Gebuer 23. Dezember 1949
Demokratesch Republik Kongo
Gestuerwen 3. Januar 1979
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 178 Zentimeter
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch,
Red Boys Déifferdeng,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
FC Déifferdeng 03


De Gilbert Dussier, gebuer den 23. Dezember 1949 zu Oïcha-Beri (Demokratesch Republik Kongo) a gestuerwen den 3. Januar 1979, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Tëscht dem 24. Februar 1971 an dem 7. Oktober 1978 huet de Gilbert Dussier 39-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 9 Goler geschoss.[2]

Hien huet vun 1967 bis 1974 fir den FA Red Boys Déifferdeng gespillt an duerno war hien d'éischt eng Saison bei Röchling Völklingen ier hien 1975 bei den AS Nancy Lorraine gewiesselt ass wou hie bis 1977 bliwwen ass. An der Saison 1977/78 war hie beim Lille Olympique SC. An der Saison 1978/79 huet hien nach 3 Matcher fir Waterschei THOR Genk gespillt.[3] Duerno huet eng Leukemie, un där hien am Alter vun 29 Joer gestuerwen ass.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Gilbert Dussier op Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Gilbert Dussier op der Websäit vun European Football
  3. De Gilbert Dussier op National Football Teams