Winston Churchill

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sir Winston S Churchill.jpg

De Sir Winston Leonard Spencer Churchill, gebuer den 30. November 1874 zu Woodstock an England, a gestuerwen de 24. Januar 1965 zu London ass dee bedeitendste britesche Staatsmann vum 20. Joerhonnert. Hie war zweemol Premierminister an en huet Groussbritannien duerch den Zweete Weltkrich gefouert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Originnen, Schoulzäit , Militär[änneren | Quelltext änneren]

De Winston Churchill war de Jong vum britesche Politiker Lord Randolph Churchill an der amerikanescher Millionärsduechter Jennie Jerome. Hien ass am Schlass vu sengem Grousspapp op d'Welt komm, am Blenheim Palace bei Woodstock (Oxfordshire).

De Grousspapp, John Winston Spencer-Churchill, huet als siiwenten Duke of Marlborough zum engleschen Héichadel gehéiert. De Randolph Churchill war den drëtte Jong an der Famill, an huet dowéinst den Herzogtitel net konnten ierwen. De Winston Churchill selwer wäert an de 50er Joren d'ugebueden Erhiewung zur ierflecher Peerwürd ofleenen, gëtt awer 1953 zum Ritter vum Order of the Garter geschloen. Seng Hierkonft huet him a senger Jugend d'Opnam a renomméiert Internater an als Offizéier an d'Arméi geséchert, obwuel seng Resultater als Schüler net déi bescht waren.

Vun 1881 bis 1892 huet den Churchill d'Eliteschoulen zu Ascot, Brighton an Harrow besicht. D'autoritärt Erzéihungssystem an dëse Schoulen war net senges, an en ass e puer mol sëtzebliwwen. No der Schoulzäit huet hien et mat der Arméi versicht, mä ass zweemol duerch den Opnamexame gefall. 1893 kënnt hien dann awer als Kadett op Sandhurst a mat 21 ass hie Kavallerie-Leutnant am 4. Husareregiment. Hei huet hien erkannt, zu wat hien anscheinend wierklech predestinéiert wier: fir Krich ze maachen.

Tëscht 1895 an 1901 huet den Churchill als aktiven Zaldot a Krichsberichterstatter fënnef Kolonialkricher matgemaach: op Kuba, an Indien, an an aneren Deeler vum Briteschen Empire. An der Schluecht vun Omdurman am Sudan huet hien un enger vun de leschte Kavallerieattacken an der Geschicht deelgeholl. Am Burekrich geléngt him, nodeem e Prisonéier war, eng spektakulär Flucht. Säi Buch iwwer dës Aventure a seng Krichsberichter hunn hien an England bekannt gemaach.

Ufank vun der politescher Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1899 hat den Churchill sech ouni Erfolleg ëm e Sëtz am House of Commons beméit. Nodeem hien aus dem Burekrich zréckkomm war, ass hien am Mäerz 1901 als frëschgewielte Konservativen (Tory) fir de Walkrees Oldham an d'Parlament komm. Säin éischte spektakulären Optrëtt war den 31. Mee 1904, wéi hien demonstrativ zu de Whigs iwwergetrueden ass. De Grond heifir war d'Haltung vun de Liberalen an der Fro "Fräihandel oder Schutzzoll", déi him méi no louch. Bei de Whigs ass hien op der politescher Skala ëmmer méi no lénks gewandert. Hien huet zum sozialreformeresche Parteifligel gehéiert, an huet schliisslech an der Ëffentlechkeet als dropgängereschen, mä bewonnerte Radikale gegollt, genee wéi säi Fërderer David Lloyd George.

Bei de Konservative mëttlerweil richteg gehaasst, huet hie Frënd a Feind an de Joren no 1906 iwwerrascht, an zwar duerch seng Fäegkeeten als Ënnerstaatssekretär fir d'Kolonien, souwéi als Wirtschafts- an Inneminister. Genee am Moment wou den däitsch-britesche Flottekonflikt sech zougespëtzt huet, gëtt hie vum Premierminister Herbert Henry Asquith 1911 zum Éischte Lord vun der Admiralitéit, also zum Minister vun der Marine, ernannt. Seng wichtegst Entscheedung an dësem Amt war d'Ëmrëschtung vun der britescher Schluechtflott vu Kuel- op Pëtrolsfeierung, wat den Aktiounsradius däitlech vergréissert huet.

De rasanten Ufank vu senger politescher Carrière fält mat Verännerungen a sengem Privatliewen zesummen: Am September 1908 bestit den Churchill d'Clementine Hozier, mat der hie bis zu sengem Doud zesummegelieft huet. D'Koppel hat spéider ee Jong a véier Duechteren, vun deenen allerdéngs eng schonn als Kand gestuerwen ass. Säi Jong Randolph an zwee vu sengen Enkelkanner goufen och Parlamentarier.

Den Churchill zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De 14. a 15. Juli 1946 war hie mat senger Duechter Mary Spencer-Churchill a mat sengem Bouf Randolph op Besuch a Frankräich an zu Lëtzebuerg. No der Landung um Fluchfeld Frescaty zu Metz wou e vum deemolege franséische Finanzminister Robert Schuman empfaange gouf, an no engem Empfank op der Place de la République koum en de 14. Juli owes géint aacht Auer a Begleedung vum Stater Buergermeeschter Emile Hamilius op der Grenz zu Fréiseng un, wou hie symbolesch zu Fouss iwwer d'Grenz goung. No engem Ëmpfank am Groussherzogleche Palais wou e vun der Groussherzogin d'Medail vum Mérite militaire an d'Grousskräiz vum Eechelafuerden iwwerrecht krut, hat hien nach eng Entrevue mam Prënz Felix a Prënz Jang. Den Dag duerno war en an der Chamber, huet eng Visite am Stadhaus zu Lëtzebuerg gemaach, eng Gerbe bei der Gëlle Fra néiergeluecht, an ass duerno op den amerikanesche Kierfecht op Hamm gefuer fir dem Generol Patton säi Graf ze besichen.

Aus senge Rieden[änneren | Quelltext änneren]

  • I have nothing to offer but blood, toil, tears and sweat. (Ech hunn näischt unzebidden wéi Blutt, Plo, Tréinen a Schweess.) - A senger éischter Ried als Premierminister den 13. Mee 1940.
  • From Stettin in the Baltic to Trieste in the Adriatic an iron curtain has descended across the Continent. (Vu Stettin op der Ostséi bis Triest un der Adria huet sech e Rido aus Eisen iwwer de Kontinent néiergelooss.) - An enger Ried zu Fulton am Missouri de 5. Mäerz 1946, déi de Begrëff Rido aus Eisen weltbekannt gemaach huet. Virum Churchill war deen Ausdrock scho politesch gebraucht ginn: De 25. Februar 1945 vum Joseph Goebbels am Leitartikel Das Jahr 2000 vun der Zäitschrëft Das Reich op der Säit 1 an 2.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • The Story of the Malakand Field Force, Longmans Green, London, 1898.
  • The River War, Longmans Green, London, 1899 (2 Bänn).
  • Savrola, Longmans Green, New York, 1899, dem Chruchill säin eenzege Roman.
  • London to Ladysmith via Pretoria, Longmans Green, London, 1900.
  • Ian Hamilton's March, Longmans Green, London, 1900.
  • Mr. Brodrick's Army, Arthur L. Humphreys, London, 1903.
  • Lord Randolph Churchill, Macmillan, London, 1906 (2 Bänn).
  • For Free Trade, Arthur L. Humphreys, London, 1906.
  • My African Journey, Hodder & Stoughton, London, 1908.
  • Liberalism and the Social problem, Hodder & Stoughton, London, 1909.
  • The People's Rights, Hodder & Stoughton, London, 1910.
  • The Fighting Line, Macmillan, Juli 1916.
  • The World Crisis, Scribners, New York, 1923-31 (5 Bänn, 6 Deeler).
  • My early life: A roving commission, Thornton Butterworth, London, 1930.
  • India, Thornton Butterworth, London, 1931, Rieden iwwer Indien.
  • Thoughts and Adventures / Amid these Storms, Thornton Butterworth, London, 1932.
  • Marlborough: His life and times, George Harrap Ltd., London, 1933-38 (4 Bänn, 2550 Säiten).
  • Great Contemporaries, Thornton Butterworth, London, 1937, Essayen iwwer Viktorianesch Staatsmänner: Morley, Rosebery, Joseph Chamberlain, Balfour, Asquith; Personnage vum Éischte Weltkrich: Hindenburg, the Kaiser, Foch, Clemenceau, Lawrence; a Personalitéiten aus den 30er Joren: Hitler, Roosevelt, Alfonso XIII, George V.
  • Arms and the Covenant / While England slept, George Harrap Ltd., London, 1938, Rieden tëscht 1932 bis München.
  • Step by Step 1936-1939, Thornton Butterworth, London, 1939.
  • Into Battle / Blood, sweat and tears, Cassell, London, 1941.
  • The unrelenting struggle, Cassell, London, 1942.
  • The end of the beginning, Cassell, London, 1943.
  • Onward to victory, Cassell, London, 1944.
  • The dawn of liberation, Cassell, London, 1945.
  • Victory, Cassell, London, 1946, Déi lescht Krichsrieden.
  • War speeches 1940-1945, Cassell, London, 1946, Déi éischt Auswiel vu Krichsrieden.
  • Secret session speeches, Simon & Schuster, New York, 1946.
  • The Second World War, Houghton Mifflin Co., Boston, 1948-53 (6 Bänn, 5000 Säiten)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Winston Churchill – Biller, Videoen oder Audiodateien