Gordon Brown
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem britesche Politiker Gordon Brown. Fir de lëtzebueresche Foussballspiller, kuckt w.e.g. Gordon Braun. |
Den James Gordon Brown, gebuer den 20. Februar 1951 zu Glasgow, ass e britesche Politiker hie war vum 27. Juni 2007 bis de 14. Mee 2010 Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich. No der Walnéierlag géint den David Cameron ass hien och als President vun der Labour Partei zeréckgetrueden.
Zënter 1983 war hie Member vum House of Commons, als Deputéierte vum Walbezierk Dunfermline East, an zënter der Reorganisatioun vun de schottesche Walbezierker Deputéierte vum Walbezierk Kirkcaldy and Cowdenbeath an der Grofschaft Fife.
Hie war vum Mee 1997 bis de Juni 2007 Finanzminister an der Regierung Tony Blair, an domatter zënter dem Nicholas Vansittart dee Mann deen am zweetlängsten an där Fonctioun war. Doriwwer eraus war de Brown Éischte Lord vun der Tresorerie a Member vum Privy Council.
| Commons: Gordon Brown – Biller, Videoen oder Audiodateien |