1908
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1903 | 1904 | 1905 | 1906 | 1907 | 1908 | 1909 | 1910 | 1911 | 1912 | 1913
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1908.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
[änneren] Europa
[änneren] Bulgarien
- 5. Oktober: Bulgarien rifft seng Onofhängegkeet aus.
[änneren] Lëtzebuerg
- 1. August : Den elektreschen Tram ersetzt de Päerdstram
- 19. November: D'Groussherzogin Maria-Anna leescht den Eed op d'Verfassung an iwwerhëlt deen Dag drop d'Regentschaft vu Lëtzebuerg.
- 29. November: D'Volleksbildungsveräiner gi gegrënnt.
[änneren] Schottland
- 26. Januar: A Schottland gëtt déi éischt Scoutegrupp gegrënnt
[änneren] Afrika
[änneren] Amerika
[änneren] USA
[änneren] Südamerika
[änneren] Asien
[änneren] Sibirien
[änneren] Ozeanien & Pazifik
[änneren] Arabesch Welt
[änneren] Konscht & Kultur
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
[änneren] Musek
[änneren] Sport
- 25. Juli: Bei den olympesche Spiller zu London gëtt dee beschtplacéierte Marathonleefer wéinst Doping disqualifizéiert.
[änneren] Wëssenschaft & Technik
[änneren] Nobelpräis
- 10. Dezember: De Gabriel Lippmann kritt de Nobelpräis fir Physik.
[änneren] Gebuer
- Tony Biever, lëtzebuergesche Politiker.
- 9. Januar: Simone de Beauvoir, franséisch Schrëftstellerin.
- 10. Januar: Jean Alfonsetti, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. Januar: Jean Delannoy, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 16. Januar: Günther Prien, däitschen U-Boot Kommandant.
- 17. Januar: Charles Mersch, lëtzebuergesche Waasserballspiller.
- 18. Januar: Lambert Schaus, lëtzebuergesche Politiker an Diplomat.
- 21. Januar: Bengt Strömgren, schwedeschen Astronom an Astrophysiker.
- 26. Januar: Stéphane Grappelli, franséischen Jazz-Violinist.
- 30. Januar: Paul Herget, US-amerikaneschen Astronom.
- 3. Februar: Oddbjørn Hagen, norwegesche Schileefer.
- 16. Februar: Félix Worré, lëtzebuergeschen Dokter a Member vum Staatsrot.
- 18. Februar: Louis Schmit, lëtzebuergesche Leefer.
- 19. Februar: Walter Bitterlich, éisträichesche Forstingenieur a Wëssenschaftler.
- 26. Februar: Tex Avery, US-amerikaneschen Dessins-animés-Moler a -Regisseur.
- 26. Februar: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 6. Mäerz: Ernest Toussaint, lëtzebuergesche Sportler a Resistenzler.
- 25. Mäerz: David Lean, britesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 25. Mäerz: Helmut Käutner, däitsche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 26. Mäerz: Franz Stangl, éisträicheschen Nationalsozialist.
- 31. Mäerz: Philip Keenan, US-amerikaneschen Astronom.
- 7. Abrëll: Fernande Marx, lëtzebuergesch Fraerechtlerin.
- 12. Abrëll: Giorgio Ferroni, italienesche Filmregisseur.
- 24. Abrëll: Józef Gosławski, polnesche Sculpteur a Medailleur.
- 1. Mee: Giovannino Guareschi, italienesche Journalist, Karikaturist a Schrëftsteller.
- 7. Mee: Jean-Pierre Frisch, lëtuebuergesche Foussballspiller.
- 12. Mee: Yvo Kerger, lëtzebuergeschen Eisebunner a Resistenzler.
- 14. Mee: Prosper Link, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
- 21. Mee: Arno Stoffels, lëtzebuergesche Moler.
- 23. Mee: Hélène Boucher, franséisch Pilotin.
- 28. Mee: Ian Fleming, Auteur vun den James Bond Romanen.
- 30. Mee: Hannes Alfvén, schwedesche Physiker a Nobelpräisdréier.
- 12. Juni: Marina Semjonova, russesch Ballet-Dänzerin a Choreographin.
- 18. Juni: Alex Bonn, lëtzebuergesche Jurist.
- 29. Juni: Leroy Anderson, US-amerikanesche Komponist.
- 6. Juli: Jean-Pierre Büchler, lëtzebuergesche Politiker.
- 8. Juli: Harald Reinl, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Juli: Salvador Allende, chileneschen Politiker.
- 26. Juli: Joseph Goedert, lëtzebuergeschen Historiker an Enseignant.
- 26. Juli: Lucien Wercollier, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 9. August: Eugèen Pesch, Sammler vu Fossilien, Mineralien a Minièresgeschir.
- 12. August: Emile Gretsch, lëtzebuergeschen Dokter a Fechter.
- 22. August: Henri Cartier-Bresson, franséische Fotograf.
- 27. August: Lyndon B. Johnson, 36. President vun den USA.
- 9. September: Robert Matagne, lëtzebuergeschen Auteur an Heraldiker.
- 18. September: Viktor Hambarzumjan, armeneschen Astrophysiker an Astronom.
- 23. September: Alphonse Schmit, lëtzebuergesche Mathematikprofesser an Nazi-Affer.
- 25. September: Jacqueline Audry, franséisch Regisseurin.
- 9. Oktober: Jacques Tati, franséische Filmregisseur a -schauspiller.
- 15. Oktober: John Kenneth Galbraith, US-amerikaneschen Economist.
- 17. Oktober: Jan van Hout, hollännesche Vëlossportler a Resistenzler.
- 30. Oktober: Eugène Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. November: Erik Bertil Holmberg, schwedeschen Astronom.
- 16. November: Marie-Madeleine Cinquin (Soeur Emmanuelle), belsch Uerdensfra an Auteur.
- 24. November: Jules Scharry, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. November: Claude Lévi-Strauss, franséischen Ethnolog an Anthropolog.
- 29. November: Kurt Heinrich Debus, däitsche Rakéitepionéier.
- 1. Dezember: Ernesto De Martino, italieneschen Anthropolog.
- 6. Dezember: Pierre Graber, Schwäizer Politiker.
- 10. Dezember: Olivier Messiaen, franséische Komponist an Organist.
- 11. Dezember: Josy Kraus, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 17. Dezember: Jacques Zenner, lëtzebuergesche Moler.
- 28. Dezember: Ida Faber-Hoesdorff, lëtzebuergesch Molerin.
[änneren] Gestuerwen
- 9. Januar: Wilhelm Busch, däitschen Zeechner an Humorist.
- 6. Februar: Alexis Heck, Lëtzebuerger Hotelier an Tourismus-Pionéier.
- 19. Februar: Paul Matthieu Hermann Laurent, franséische Mathematiker.
- 20. Februar: François-Ernest Vannérus, lëtzebuergesch-belschen Industriellen a Politiker.
- 21. Juni: Nikolai Rimski-Korsakow, russesche Komponist.
- 3. Juli: Jean-Pierre Biermann, lëtzebuergeschen Architekt an Auteur.
- August: Alexandre de Gerlache, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 9. August: Théodore Mergen, Marbrier a Sculpteur.
- 25. August: Henri Becquerel, franséische Physiker.
- 30. August: Lawrence Parsons, 4. Earl of Rosse, ireschen Astronom.
- 3. Oktober: Joseph Weber, lëtzebuergeschen Zänndokter, Auteur an Diplomat.
- 22. Oktober: Eugène Wolff, lëtzebuergesche Professer, Historiker, Konschtkenner an Auteur.
- 5. November : Andrew Graham, ireschen Astronom.
- Jules Liégeois: franséische Jurist
| Commons: 1908 – Biller, Videoen oder Audiodateien |