Jan van Hout (Vëlossportler)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Vëlossportler a Resistenzler Jan van Hout. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jan van Hout.
Jan van Hout
Gebuer 17. Oktober 1908
Gestuerwen 22. Februar 1945
KZ Neuengamme
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Vëlossportler, Resistenzler

De Jan van Hout gebuer de 17. Oktober 1908 zu Valkenburg, a gestuerwen den 22. Februar 1945 zu Neuengamme, war en hollännesche professionelle Vëlossportler a Resistenzler am Zweete Weltkrich.

Hie war Profi vun 1932 bis 1940. De 25. August 1933 ass hien op der Pist vu Roermond Weltrekord gefuer mat enger Moyenne vu 44,588 km/h.

Säi Virgänger war den Oscar Egg, an den Nofollger war de Maurice Richard.

Wéi den Oscar Egg gewuer gouf datt de Van Hout säi Rekord gebrach hat ass hien op Roermond gefuer an huet d'Pisten nogemooss, an huet entdeckt datt de Van Hout 3,45 Meter pro Ronn ze mann gewuer wier. Méi spéit huet sech erausgestallt datt den Egg falsch gemooss hat, an datt de Van Hout déi d'Streck vu 44,588 km gefuer. Mä nach éier d'Richtegstellung konnt gemaach ginn, war de Maurice Richard zu Saint-Trond en neie Rekord gefuer. Op de meeschte Rekordlëschte feelt dem Van Hout säin Numm, well Nederlandse Wielren Unie vergiess hat d'Pabeieren op UCI ze schécken.

De Van Hout dee gutt als Coureur op der Pist verdéngt huet, konnt sech eng Wiertschaft zu Eindhoven kafen. Wéi am Mee 1940 d'Wehrmacht Holland besat huet, huet de Van Hout deen Anti-Nazi war, säi Béierbuttek zougemaach, well hien net wollt ënner däitschem Kommando schaffen. Duerno goungen hien a seng Fra, an d'Resistenz. E puer Méint virun der Liberatioun gouf hie bei enger Razzia verhaft, an an d'Konzentratiounslager Neuengamme bruecht, wou hien am Februar 1945 gestuerwen ass.

De 15. Mee 2006 gouf op Initiativ vum Sportsjournalist Jean Nelissen zu Valkenburg e Monument opgeriicht fir un de Van Hout z'erënneren. Bei der Aweiung ware seng Wittfra an de Bernard Hinault dobäi.