Alexandre de Gerlache

Vu Wikipedia
Alexandre de Gerlache
Gebuer 14. Januar 1860
Déifferdeng
Gestuerwen 10. August 1908
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Politiker, Industriellen

De Barong Alexandre J. Jean de Gerlache de Waillimont, gebuer de 14. Januar 1860 zu Déifferdeng an do gestuerwen den 10. August 1908, war e lëtzebuergeschen Industriellen, Politiker a Jurist.

Den Alexandre de Gerlache huet 1896 zesumme mam Paul Wurth d'Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange gegrënnt a war zäitweileg President vun hirem Verwaltungsrot. Eng Zäit laang war hien Deputéierten an der Chamber. Wéi seng Firma wéinst enger konjunktureller Baisse faillite goung, huet hie säin Deputéiertemandat opginn an ass op Bréissel geplënnert. Vun do ass hie reegelméisseg op Déifferdeng hannescht komm. Do ass e stënterlech am Alter vun 49 Joer gestuerwen.

Hie war den Neveu vum Étienne de Gerlache an hien hat sech den 22. Oktober 1891 zu Bréissel mat der Louisa-Marie-Sidonie Ablaÿ, der Duechter vum Generol Omer Ablaÿ bestuet. D'Koppel hat 6 Kanner.

  • Isabelle M. Augustine Octavie de Gerlache de Waillimont (1892-1925)
  • Jean Auguste Paul J. de Gerlache de Waillimont, Ecuyer (1893-1970)
  • René Frédéric Auguste J. de Gerlache de Waillimont, Ecuyer (1895-1915)
  • Etienne Ernest Paul Auguste de Gerlache de Waillimont, Ecuyer (1897-1977)
  • Marguerite L. Je. Augustine de Gerlache de Waillimont (1901-1902)
  • Raymond Jean Paul Auguste de Gerlache de Waillimont, Ecuyer (1904-1961)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]