Carole Lombard

Vu Wikipedia
Carole Lombard
Gebuertsnumm Jane Alice Peters
Gebuer 6. Oktober 1908
Fort Wayne
Gestuerwen 16. Januar 1942
Nevada
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit USA
Educatioun Hollywood High School
Aktivitéit Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat William Powell, Clark Gable


D'Carole Lombard, gebuer de 6. Oktober 1908 als Jane Alice Peters zu Fort Wayne an Indiana a gestuerwen 16. Januar 1942 um Potosi Mountain am Nevada, war eng US-amerikanesch Schauspillerin. Si gouf an den 1930er-Jore virun allem duerch hir Rollen a Screwball-Comédien berüümt an huet bei hirem Doud bei engem Fligeraccident zu deene gréisste Stare vun Hollywood gehéiert.

D'Carole Lombard gouf 1930 bei Paramount Pictures engagéiert an huet déi verschiddenst Rolle gespillt, vun Dammen aus der Gesellschaft iwwer Prostituéiert a College-Studentinne bis hin zu Fraen, déi hire Mann bedrunn hunn, ouni domat dee ganz groussen Duerchbroch ze hunn. 1934 ass si bei d'Columbia Pictures gaangen, an hat do gläich mam Kaméidisfilm Twentieth Century, der Verfilmung vun engem Broadwayhit, e grousse Succès, soudatt se fir hir Filmer duerno an deem Genre agesat gouf. Mat Filmer wéi Hands Across the Table, The Princess Comes Across oder My Man Godfrey gouf si ee vun de populäerste Staren an dee weibleche Filmstar mat deemools där déckster Pai.

Vun 1939 un huet si och méi eescht Rollen ugeholl, sou nieft dem Cary Grant an der Kay Francis am romantesch Melodrama In Name Only, oder am Alfred Hitchcock sengem Mr. and Mrs. Smith.

Si war mam William Powell a méi spéit mam Clark Gable bestuet.

HIre leschte Film, To Be or Not to Be vum Ernst Lubitsch, koum no hirem Doud eraus.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Stommfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Tounfilmer =[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carole Lombard – Biller, Videoen oder Audiodateien