Shirley Temple

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Shirley Temple an de William Lyon Mackenzie King, den 21. Oktober 1944.

D'Shirley Temple, gebuer den 23. Abrëll 1928 zu Santa Monica a Kalifornien, ass eng fréier US-amerikanesch Filmschauspillerin an Zeenaristin.

Inhaltsverzeechnes

Biographie [änneren]

D'Shirley ass d'Duechter vun engem Banquier an huet mat dräi Joer ugefaangen a klenge Filmer zur Zäit vum D.W. Griffth, am Ufank vun de Tounfilmer ze spillen. An der Serie Baby Burlesk hat si een éischte Succès: si konnt besonnesch gutt d'Marlene Dietrich nomaachen.

1934 krut si een Engagement bei Fox a krut an deem Joer ee speziellen Oscar, well si besonnesch bei der Arméi beléift war an zur gudder Moral vun den Truppe beigedro huet.

Si gëtt ee Modell fir amerikanesch Kanner an eng Industrie entsteet ëm si: Poppen Shirley Temple, Räck an Albumme fir ze mole ginn ënnert hirem Numm verkaaft. An den 30 Joren ass si d'Nummer Eent am Box-Office. An de Filmer Le petit Colonel, Boucles d'or a Pauvre petite fille spillt se Rollen, wou et ëm Familljestreidereie geet oder d'Vereenegung vu Wäissen a Schwaarzen an Aarmen a Räichen. Mat enger Moyenne vun dräi Filmer am Joer garantéiert si de Räichtum vun der Twentieth Century Fox.

Wéi si méi al gouf, hunn d'Produzenten ugefaang sech manner fir si z'interesséieren. Hire Succès an de Filmer L'Oiseau bleu a Young People war net ganz dichtech. Am Film Le Massacre de Fort Apache krut si nach just eng onbedeitend Roll.

1945 gouf si mam Schauspiller John Agar bestuet. Si hat een éischt Kand mat 17 Joer an 1948 krut d'Koppel nach ee Meedchen, dat Linda gedeeft gouf. Si hu sech 1950 scheede gelooss a gläich duerno am selwechte Joer gouf si mam Geschäftsmann Charles Black bestuet. Si krut mat him nach nach zwee Kanner an huet ugefaange Politik ze maachen. Si huet d'Vereenegt Staaten an der UNO vertrueden, gouf Ambassadrice am Ghana 1974-1976, Protokollchefin a republikanesch Deputéiert vu San Francisco, a war Ambassadrice zu Prag 1989-1992. Hire Mann ass de 4. August 2005 um myelodysplastesche Syndrom gestuerwen.

Vun alle Kannerstare war si di eenzeg, déi nom Film eng zolidd politesch Carrière gemaach huet. Si war eng stackkonservativ Republikanerin a grouss Unhängerin vum Nixon.

Hir Autobiographie Child Star koum 1988 op de Maart.

Haut wunnt si zu Woodside a Kalifornien.

Filmographie [änneren]

Als Schauspillerin [änneren]

Als Zeenaristin [änneren]

Verdéngschter an Nominatiounen [änneren]

Verdéngschter [änneren]

Nominatiounen [änneren]

Si war am Verwaltungsroot vu verschiddene grousse Gesellschaften:

Soss nach Interessantes [änneren]

De Cocktail Shirley Temple ass no hir genannt. En ass am Hôtel Royal Hawaien zu Waikiki (Hawaii) erfonnt ginn .

Um Spaweck [änneren]


Commons: Shirley Temple – Biller, Videoen oder Audiodateien