Marlene Dietrich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Marlene Dietrich, gebuer de 27. Dezember 1901 a gestuerwen de 6. Mee 1992 zu Paräis, war eng däitsch-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
Hir Carrière huet ugefaangen an Däitschland, wou si a Stommfilmer gespillt huet. Hir Roll als Lola-Lola an Der Blaue Engel ënnert der Regie vum Josef Sternberg huet si international bekannt gemaach an hir e Kontrakt mat Paramount Pictures an den USA abruecht.
Hollywood-Filmer wéi Shanghai Express an Desire hunn op hire Glamour an exotesche Look opgebaut an hir Plaz als Star gefestegt. Si war déi Zäit eng vun den am beschte bezuelte Schauspillerinen. 1939 krut si d'amerikanesch Nationalitéit.