Alfred Hitchcock

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Sir Alfred Joseph Hitchcock war en englesche Filmregisseur a Filmproduzent. Hien ass den 13. August 1899 zu London (England) gebuer an den 29. Abrëll 1980 zu Los Angeles (Kalifornien) (USA) gestuerwen.

Den Alfred Hitchcock war dat jéngst vun dräi Kanner vum William Hitchcock, vu Beruff Epicier a Geméishändler, an der Emma Jane Whelan. De jonken Alfred ass kathoulesch erzu ginn an hien huet zu London de Saint Ignatius College besicht, eng Schoul déi vu Jesuiten gefouert gouf. Wéi hie 14 Joer hat, ass säi Papp gestuerwen.

Inhaltsverzeechnes

Den Alfred Hitchcock an den englesche Film [änneren]

Am Joer 1920 hat den Alfred Hitchcock säin éischte Kontakt mam Film. Fir d'Famous Players Film Company-Lasky huet hie Filtëschentitelen fir Stommfilmer gemaach. Am Joer 1922 krut hien d'Chance Regie an dem Film mam Titel No 13 ze féieren. De Film ass awer ni fäerdeg ginn.

1925 huet hien zu München ugefaangen de Film The Pleasure Garden ze dréien, dien dann 1927 an d'Kinoe koum.

Am Joer 1926 huet den Alfred Hitchcock sech mat senger Filmassistentin Alma Reville bestuet. Si gouf seng enkste Mataarbechterin an all senge Filmer.

Alfred Hitchcock

Den éischten echten Hitchcockfilm, wéi hie selwer zum François Truffaut sot, war dann 1927 The Lodger: A Story of the London Fog.

Mat Blackmail dréint den Hitchcock am Joer 1929 säin éischten Tounfilm.

Seng interressante Filmer an de 1930er Joren waren The Man who Knew too much an The 39 Steps.

Den Alfred Hitchcock an Amerika [änneren]

Fir de Film Rebecca huet den David O. Selznick den Alfred Hitchcock am Joer 1940 op Hollywood geholl. Hei huet hien 1943 ee vu senge bëschte Filmer aus de 1940er Joren Shadow of a Doubt gedréint. et ass eng ganz schwaarz Geschicht ëm e jonkt Meedchen dat säi Monni verdächtegt e Mäerder ze sinn.

Mat dem Film Rope, no engem Theaterstéck vum Patrick Hamilton, huet den Hitchcock am Joer 1948 säin éischte Faarffilm gedréint.

Besonnesch bekannt si seng 3 Filmer mat der Grace Kelly an der Haaptroll, et sinn dat Dial M for Murder (an der 3D Technik gedréint), Rear Window an To Catch a Thief. A wonnerschéine Faarwen présentéiert sech dann The Trouble with Harry, e Film voll mat schwaarzem Humor.

Vill Filmkritiker gesinn dem Hitchcock säi Film Vertigo als säi perséinlechsten un. Hei geet et ëm e Polizeibeamten deen ënner Héichtenangscht, ënner Akrophobie leit. Déi Angscht spillt am Film d'Haaptroll.

North by Northwest ass e flotte Verfolgungs-Thriller. Bekannt ass besonnesch déi Zeen an där den Held (Cary Grant) op openem Feld vun engem Fliger ugegraff gëtt an d'Zeenen déi sech op de stenge Käpp vun den amerikanesche Presidenten um Mount Rushmore ofspillen.

Psycho, e Grujelfilm a schwaarz-weiss gedréint mat engem ganz klenge Budget, gouf ee vum Hitchcock senge groussen Erfolleger, besonnesch bekannt ass déi Zeen an där d'Marion Crane (Janet Leigh) an der Dusch erstach gëtt.

Beim Film The Birds lafen dem Spectateur d'Schudderen de Rëck erof, wann op eng Kéier brav Villercher ufänken d'Mënschen unzegréifen.

No Marnie dréint den Hitchcock nach e puer Filmer, déi awer net méi u seng viregt Filmer erukommen.

Filmer [änneren]

Stommfilmer [änneren]

Tounfilmer [änneren]

Televisiounsfilmer [änneren]

Alfred Hitchcock presents [änneren]

Suspicion [änneren]

Ford Startime [änneren]

The Alfred Hitchcock Hour [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Alfred Hitchcock – Biller, Videoen oder Audiodateien