Grace Kelly
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ Grace Patricia Kelly, gebuer den 12. November 1929 a gestuerwen den 14. September 1982, spéider Prinzessin Gracia Patricia vu Monaco, war eng US-amerikanesch Schauspillerin mat irischen Originnen a koum duerch hir Houchzäit mam Prënz Rainier III. vu Monaco op de monegassechen Troun..
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Hir Jugend
Gebuer zu Philadelphia (Pennsylvania), USA, war si eng Nokomme vu kathouleschen irischen Emigranten. Hire Grousspapp konnt säin „amerikaneschen Dram“ realiséieren an als Auswanderer d’Familjeverméigen opbauen. Hire Papp, den John B. Kelly Sr., krut 1920 eng olympesch Goldmedail. Hir Mamm huet aus Preisen gestaamt.
Hire Brudder, John jr, gouf Buergermeeschter vu Philadelphia.
Hir Schoulen huet si an der „Ravenhill Academy of the Assumption“ zu Philadelphia an an der „Stevens School“ zu Chesnut Hills absolvéiert. Scho mat 12 Joer krut si Schauspillunterricht bei den „Old Academy Players of East Falls“. Vu 1947 bis 1949 huet si op der „American Academy of Dramatic“ zu New York studéiert.
[änneren] D’Schauspillerin
Mat 17 Joer wollt si Schauspillerin ginn. Obschonn hir Elteren dergéint waren huet si Modell gestane fir Coca-Cola a Colgate fir kënnen hir Schauspillcoursen zu New York ze finanzéieren. Deen éischte Film wou si mat 22 Joer matgespillt huet war Fourteen Hours (1951). E Joer méi spéit krut si d’Haaptroll am High Noon, e Western mam Gary Cooper.
1953 huet si mam Clark Gable an Ava Gardner den dramatesche Liebesfilm Mogambo gedréint, wou si fir den Oscar vun der beschter weiblecher Nieweroll nominéiert gouf. Duerno huet si an dräi Filmer vum Alfred Hitchcock matgespillt: Dial M for Murder, Rear Window an To Catch a Thief.
1955 krut si den Oscar als bescht Actrice am Film The Country Girl.
[änneren] Prinzessin vu Monaco
De Prënz Rainier III. vu Monaco huet d’Grace Kelly fir d’éischt begéint wéi hien zu Cannes d’Dréiaarbechte vum Film To Catch a Thief vum Hitchcock besicht huet. Si hu sech erëmgesi wéi de Paris Match duerno e Fotos-Termin am fürstleche Palais organiséiert hat. Duerch d’Vermëttlong vum Pater Tucker, en irische Geeschtleche vu Philadelphia a Beichtvater vum Prënz, gouf de Rainier fir d’Chrëschtfeierdeeg bei d’Famill Kelly invitéiert. Während dësem Séjour hu si sech besser kenne geléiert an hir Verlobung bekannt ginn. D’Grace dréint nach hire leschte Film High Society (1956), eng Comédie musicale mam Bing Crosby a Frank Sinatra, deen e Frënd vun der Famill Grimaldi gouf a spéider Dafpätter vun der Stéphanie vu Monaco.
Nom zivile Mariage deen Dag virdrunn goufe si den 19. Abrëll 1956 an der Kathedral Saint-Nicolas vu Monaco vum Äerzbëschof Gilles Barthe bestuet an aus dem amerikanesche Filmstar gouf d’Fürstin Gracia Patricia vu Monaco. Vun deem Moment un huet si all Offerte vun der Filmbranche refuséiert, karitativ Aufgaben iwwerholl a sech als Kënschtlerin betätegt.
D’Grace Kelly an de Prënz Rainier III. kruten 3 Kanner:
- Caroline Louise Marguerite, * 23. Januar 1957.
- Albert Alexandre Louis Pierre, Ierfprënz a „Marquis des Baux“, * 14. Mäerz 1958, Prënz vu Monaco zanter dem 6. Abrëll 2005.
- Stéphanie Marie Élisabeth, * 1. Februar 1965.
[änneren] Hiren Doud
Vläicht war et duerch en Hireschlag wou si d’Kontroll iwwert hire Rover P6 verluer huet, wéi si vun der Residenz "Rocagel", déi op den Héichte vu Monaco läit, wollt heemfueren. Hiren Auto koum an enger schaarfer Kéier um Cap d’Ail vun der Strooss (CD 37) of an ass 50 Meter déif erofgefall fir um Parking vun enger Villa leien ze bleiwen. Den 14. September 1982 ass si un de Follege vun hire Blessure gestuerwen. D’Prinzessin Stéphanie, déi bei hir am Auto war, gouf schwéier blesséiert.
Den 18. September gouf d’Gracia Patricia an der Absis vun der Kathedral vu Monaco begruewen. Ronn 800 invitéiert Trauergäscht, dorënner hir Gesëschter, vill fréier Filmkollegen a Membere vun den Herrscherhäiser, hu si op hirem läschte Gank begleet.
Zur Erënnerung un de 25. Anniversaire vum trageschen Doud vun der Prinzessin Gracia vu Monaco huet de Fürstentum eng 2€ Gedenkmënz erausginn. Dës Mënz koum den 12. Juli 2007 an enger Oplo vun 20.000 Exemplairen eraus, wouvun der nëmmen 16.000 an den Ëmlaf koumen.
[änneren] Filmographie
- 1951 : Fourteen Hours (Vierzehn Stunden) vum Henry Hathaway
- 1952 : High Noon (Zwölf Uhr mittags) vum Fred Zinnemann
- 1953 : Mogambo vum John Ford
- 1954 : Dial M for Murder (Bei Anruf Mord), vum Alfred Hitchcock
- 1954 : Green Fire vum Andrew Marton
- 1954 : Rear Window (Das Fenster zum Hof), vum Alfred Hitchcock
- 1954 : The Country Girl (Ein Mädchen vom Lande) vum George Seaton
- 1954 : The Bridges at Toko-Ri vum Mark Robson
- 1955 : To Catch a Thief (Über den Dächern von Nizza), vum Alfred Hitchcock
- 1956 : The Swan vum Charles Vidor
- 1956 : High Society vum Charles Walters
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Grace Kelly – Biller, Videoen oder Audiodateien |