Rear Window

Vu Wikipedia
Rear Window
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1954
Première 1954
Dauer 112 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Alfred Hitchcock
Dréibuch John Michael Hayes
Fotografie Robert Burks
Musek Franz Waxman
Costumedesign Edith Head
Produzent Alfred Hitchcock
fir Paramount Pictures
Produktiouns-
gesellschaft
Paramount Pictures
Schauspiller
James Stewart als L. B. „Jeff“ Jefferies
Grace Kelly als Lisa Carol Fremont
Thelma Ritter als Stella
Wendell Corey als Det. Tom Doyle
Raymond Burr als Lars Thorwald
Judith Evelyn als „Miss Lonely Hearts”
Ross Bagdasarian als Songwriter
Georgine Darcy las „Miss Torso”
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Rear Window ("Hënnescht Fënster") ass en US-amerikanesche Spillfilm, deen 1954 vum Alfred Hitchcock no engem Dréibuch vum John Michael Hayes, baséiert op der Kuerzgeschicht It Had to Be Murder vum Krimi-Auteur Cornell Woolrich, gedréint gouf.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Fotojournalist L. B. Jefferies („Jeff“) sëtzt no engem Accident mam Been am Gips doheem am Rollstull. Fir d'Zäit ze verdreiwen, kuckt hien den Noperen am Appartementshaus vis-à-vis no. Sou och dem Reesender Thorwald, deen, no engem Sträit mat senger Fra, nuets e puermol an- an ausgeet. Den Dag drop ass näischt méi vun der Fra ze gesinn. Mat Spektiv an Teleobjektiv mécht den Jeff e puer beonrouegend Observatiounen a probéiert, seng Frëndin Lisa a seng Infirmière dovun z'iwwerzeegen, den Thorwald misst seng Fra ëmbruecht hunn...

Cameo[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier an der 25. Minutt gesäit een den Hitchcock. wéi en an der Wunneng vum Komponist eng Auer opzitt.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Rear Window ass ee vun de fënnef Filmer, déi den Hitchcock fir Paramount gedréint hat. Uganks vun den 1960er Jore sinn d'Auteursrechter un hien zeréckgaangen, an all Kopien hu missen zerstéiert ginn. Sou war de Film iwwer 20 Joer sou gutt wéi néierens ze gesinn, bis 1984, nom Hitchcock sengem Doud, seng Ierwen en nees erausbruecht hunn. D'Stater Cinemathéik war eng vun deene wéinege Plaze, wou et eng Kopie gouf, a wou de Film tëscht 1976 an 1984 ze gesi war.

De lëtzebuergesche Filmmécher Jeff Desom huet 2010 ënner dem Titel Rear Window Loop d'Fimszeenen aus dem Haus vu vis-à-vis an enger eenzeger Panorama-Astellung zesummekopéiert an dat an e puer Minutte kondenséiert. Dëse Kuerzfilm gouf mat der Golden Nica 2012 andem Vimeo Remix Award 2012 ausgezeechent.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodo Fründt: Alfred Hitchcock und seine Filme. Heyne Filmbibliothek, Band Nr. 91, 1986, ISBN 3-453-86091-8
  • Robert A. Harris, Michael S. Lasky, Hrsg. Joe Hembus: Alfred Hitchcock und seine Filme (OT: The Films of Alfred Hitchcock). Citadel-Filmbuch bei Goldmann, München 1976, ISBN 3-442-10201-4
  • Susanne Kaut: Das Fenster zum Hof in "Ich sehe was, was du nicht siehst" - Psychoanalytische Filminterpretationen, Hrsg. von Theo Piegler, Psychosozial-Verlag, Gießen 2010, ISBN 978-3-8379-2034-5; Ss. 43-50
  • Eric A. Leuer: "To See You Is To Love You!" - Zur Rolle des Voyeurismus in Alfred Hitchcocks „Rear Window“, Grin-Verlag, München 2009, ISBN 978-3-640-24434-8
  • Johann N. Schmidt: Das Fenster zum Hof / Rear Window in Filmklassiker - Beschreibungen und Kommentare, Hrsg. von Thomas Koebner, 5. Auflage, Reclam junior, Stuttgart 2006, ISBN 978-3-15-030033-6; Band 2: 1946 - 1962, Ss. 249-253
  • Donald Spoto: Alfred Hitchcock - Die dunkle Seite des Genies. Heyne, München 1984, ISBN 3-453-55146-X (dt. Übersetzung von Bodo Fründt)
  • John Russel Taylor: Die Hitchcock-Biographie, Fischer Cinema 1982, ISBN 3-596-23680-0
  • François Truffaut: Le cinéma selon Hitchcock, Simon und Schuster, 1984. ISBN 0-671-52601-4
  • Cornell Woolrich: Das Fenster zum Hof und vier weitere Kriminalstories (OT: Rear Window). Diogenes, Zürich 1989, ISBN 3-257-21718-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Hitch" op jeffdesom.com.