Cameo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Cameo-Optrëtt oder kuerz Cameo [ˈkæmioʊ] nennt een, wann eng bekannte Perséinlechkeet onerwaart e kuerzen Optrëtt an engem Film oder enger Televisiounsserie huet. Den Aussdrock kënnt vum englesche Wuert fir e Kamee, d.h. e Relief mat engem Edelsteen. Déi bekannte Persoun fält, wéi de Steen, an der Mass op.
E Cameo-Optrëtt kann entweder just als Statist sinn, oder awer aus enger kuerz Roll bestoen, wou déi Persoun sech dann dacks selwer spillt.
Eng vun deenen éischten a bekannste Persounen, déi Cameo-Optrëtter an hiren eegene Filmer haten, war den Alfred Hitchcock. Dat gouf séier e Markenzeechen bei senge Filmer, mee goung esou wäit, dass den Hitchcock a senge méi spéide Filmer deen Optrëtt souwäit am Ufank vum Film wéi méiglech gemaach huet, fir datt d'Spektateuren net sollen domat ofgelenkt ginn, en ze sichen.