2-Euro-Gedenkmënzen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Grand-duc Henri op véier verschiddene Gedenkmenzen

2-Euro-Gedenkmënzen si Mënze vun der gemeinsamer europäescher Währung, dem Euro, am Wäert vun 2,- €, déi en aneren Design op der nationaler Säit hunn ewéi deen üblechen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Euromënzen Nuvola apps xmag.png

Vun 2003 un hunn d'Memberstaate vun der Euro-Zon d'Méiglechkeet ënner gewësse Conditiounen där Mënzen erauszeginn. Mat hinne kann an der ganzer Euro-Zon bezuelt ginn.

E puer Beispiller

Inhaltsverzeechnes

[änneren] 2004

2004 hunn dat véier Länner aus der Euro-Zon gemaach: Griicheland mat enger Gedenkmënz fir d'Olympesch Spiller zu Athen, Finnland mat engem 2-Euro-Stéck fir un d'EU-Erweiderung z'erënneren, Lëtzebuerg, wou ee sech freet, wat genee commémoréiert soll ginn, well et just de Portrait vum Groussherzog Henri an engem aneren Design weist, an Italien, dat eng Mënz zum "World Food Programme" vun der FAO erausginn huet.

[änneren] 2005

B-Alb-an-H.svg

2005 huet am Februar d'Lëtzebuerger Zentralbank eng Commemoratiounsmënz erausginn, fir un de 50. Gebuertsdag vum Grand-Duc Henri an den 100. Doudesdag vum Groussherzog Adolphe z'erënneren. De Grand-Duc ass och op engem belschen 2-Euro-Stéck ze gesinn, wou en zesumme mam belsche Kinnek Albert II. drop ass, fir de 75. Joresdag vun der UEBL ze commemoréieren. D'Spuenier gedenken dem 400. Anniversaire vum Don Quixote (deem säin Auteur, de Miguel de Cervantes, schonn op de 'giele' Cent-Mënzen drop ass), d'Éisträicher de 50 Joer vun hirem Staatsvertrag, Finnland senger Memberschaft an der UNO an Italien der Ënneschreft vun der Europäescher Konstitutioun zu Roum, dat Joer virdrun.

[änneren] 2006

2006 huet Däitschland eng Serie ugefaangen, op där d'Bundeslänner zu Éiere kommen. Dat éischt ass Schleswig-Holstein, ze gesinn ass d'Lübecker Holstentor. Lëtzebuerg wierdegt dem Ierfgroussherzog Guillaume säi 25. Gebuertsdag, an d'Italiener maache fir d'Olympesch Wanterspiller zu Turin Reklamm. D'Belsch weisen houfreg den Atomium, dee frësch restauréiert gouf, an d'Finnen erënneren un d'Aféiere vum Allgemenge Walrecht virun 100 Joer.

[änneren] 2007

2007 hunn allen 13 Memberlänner vun der Eurozon eng Gedenkmënz fir d'50järegt Bestoe vun de Réimeschen Traitéen erausginn. D'Opschrëft ass an deene verschiddene Landessproochen (am Fall vun der Belsch zum Deel esouguer op Latäin, well keng Plaz fir allen dräi wier); soss ass den Design d'selwecht. Verschidde Memberlänner vun der EU, déi net de Euro als Währung hunn, goufen doriwwer eraus Gedenkmënzen an hirer eegener Devise mam nämmelechten Design eraus.

Ausserdeem ass Däitschland virugefuer mat senger Serie iwwert d'Bundeslänner, 2007 war Mecklenburg-Vorpommern mam Schweriner Schlass un der Rei. Lëtzebuerg huet de Groussherzogleche Palais als Sujet erausgesicht (wat fir e ronnen Anniversaire deem zugrond läit, ass onkloer) a Portugal seng éischt Gedenkmënz erausbruecht, déi seng EU-Presidence, am 2. Semester, als Sujet huet. Finnland fir säin Deel erënnert un den 90. Anniversaire vu senger Onofhängegkeet.

[änneren] 2008

Bei den däitsche Gedenkmënzen ass dat Joer Hamburg drun, de Lëtzebuerger Grand-Duc ass dës Kéier mam Schlass Bierg ze gesinn, Frankräich gedenkt senger EU-Conseilsprésidence a Slowenien dem 500. Gebuertsdag vum Primož Trubar. 4 Länner - Portugal, d'Belsch, Finnland an Italien - wierdegen de 60. Anniversaire vun der Universeller Declaratioun vun de Mënscherechter.

[änneren] 2009

Zum 10. Gebuertsdag vun der Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun ginn all 16 Länner vun der Euro-Zon eng Extramënz mam selwechten Design eraus. Lëtzebuerg erënnert zousätzlech un den 90. Anniversaire vun der Trounbesteigung vun der Groussherzogin Charlotte, d'Slowakei ass eng éischte Kéier dobäi mat enger Erënnerungsmënz un den 20. Anniversaire vun der Samettener Revolutioun, Portugal éiert déi 2. Spiller vun der Lusophonie, a bei der däitscher Bundeslänner-Serie ass dat Joer d'Saarland drun. Dem Louis Braille säin 200. Gebuertsdag gëtt vun Italien an der Belsch mënzlech gefeiert, an och Finnland kuckt op den 200. Anniversaire vun der éischter autonomer zentraler Regierungsinstitutioun zeréck.

[änneren] 2010

An der däitscher Bundeslännerserie ass den Tour u Bremen. Lëtzebuerg huet dem Groussherzog säi Wopen erausgesicht. Spuenien gëtt déi éischte Mënz aus enger neier Serie iwwer UNESCO-Weltierfschaften eraus: D'Mezquiza-Kathedral vu Córdoba. Slowenien wierdegt den 200. Anniversaire vum botanesche Gaart vu Ljubljana, Portugal deen 100. vu senger Republik, a Frankräich erënnert un den Apell vum 18. Juni 1940 vum Charles de Gaulle, viru 70 Joer. D'Belsch gëtt eng Gedenkmënz zu senger EU-Présidence eraus, Griicheland kuckt zeréck op d'Schluecht vu Marathon virun 2.500 Joer, an Italien op den 200. Gebuertsdag vum Camillo Benso Grof vu Cavour. A Finnland kënnt d'Rahapaja zu Éieren, déi ewell 150 Joer laang Mënze klappt.

[änneren] 2011

Nordrhein-Westfalen huet 2011 Présidence am Bundesrat an dofir d'Éier, mam Kölner Doum op enger Mënz gewierdegt ze ginn. De spueneschen UNESCO-Site ass dat Joer d'Alhambra, de Generalife an den Albayzin zu Granada. Portugal commemoréiert de Fernão Mendes Pinto, en Entdeckungsreesenden an Auteur vu Reesreportagen. D'Slowakei wierdegt d'20-järegt Bestoe vun der Visegrád-Grupp, a Slowenien den 100. Gebuertsdag vum Franc Rozman Stane. Frankräich zelebréiert den 30. Anniversaire vun der Fête de la Musique, d'Belsch den 100. Weltfraendag, Griicheland d'Special Olympics, déi dat Joer do sinn, an op der lëtzebuergescher 2-Euro-Mënz ass nieft dem Grand-Duc Henri säi Papp, de Grand-Duc Jean a seng Bomi, d'Grande-Duchesse Charlotte ze gesinn, fir drun z'erënneren, datt et 50 Joer hier sinn, datt de Jean Lieutenant-représentant vun der Grande-Duchesse gouf.

Italien bréngt eng Gedenkmënz zum 150. Anniversaire vun der Vereenegung vum Land eraus, a Finnland wierdegt d'200järegt Bestoe vu senger Nationalbank.

Eng éischte Kéier derbäi sinn 2011 Holland, dat de 500sten Anniversaire vum Erasmus vu Rotterdam sengem Luef un d'Eefältegkeet zelebréiert, a Malta, dat eng Serie iwwer seng Verfassungsorganer ufänkt.

[änneren] 2012

2012 ass geplangt, datt all 17 Länner aus der Eurozon eng Gedenkmënz mam selwechten Design erausgi fir un d'Aféierung vum Euro als Boergeld, virun 10 Joer, z'erënneren. Doriwwer eraus commemoréiert Lëtzebuerg den 100. Doudesdag vum Groussherzog Wëllem IV., Däitschland éiert, am Bundesland Bayern, d'Schlass Neuschwanstein, d'Belsch de 75. Anniversaire vum Concours Reine Elisabeth, a Portugal de Fait, datt Guimaraes europäesch Kulturhaaptstad ass. De spueneschen UNESCO-Site fir dëst Joer ass d'Kathedral vu Burgos, iwwerdeems Frankräich un den 100. Gebuertsdag vum Abbé Pierre erënnert a Malta mat seger Verfassungsserie virufiert.


[änneren] Mikrostaaten

Zënter 2004 bréngen och San Marino an de Vatikan all Joers an homeopatheschen Dosen Extra-Mënzen eraus. Monaco war bis ewell eng Kéier, 2007, mat dobäi.

[änneren] Um Spaweck

Commons: 2-Euro-Gedenkmënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen