Atomium

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Atomium op enger 2-Euro-Gedenkmënz.

Den Atomium ass eent vun deene bekannste Bauwierker vu Bréissel. E gouf fir d'Weltausstellung 1958 vum Architekt André Waterkeyn als Symbol fir d'Atomzäitalter an de friddleche Gebrauch vun der Atomenergie opgeriicht.

Dat 2.400 Tonne schwéiert Gebai, fir d'éischt mat enger Aluminiumshaut an zënter dem Hierscht 2005 mat enger Inoxstolshaut iwwerzunn, representéiert en Eise-Kristall an enger 165-milliardefacher Vergréisserung. Et besteet aus 9 Bullen, déi d'Atomer representéieren, an déi allen néng en Duerchmiesser vun 18 m hunn. D'Bauwierk ass 102 m héich. D'Bulle sinn duerch 23 m laang Réier mat Rulltrapen an engem Lift matenee verbonnen. Mam Lift kann een a 25 Sekonnen an déi iewescht Bull fueren, wou e Restaurant dran ass.

D'mëttelst Bull vum Atomium am September 2005, wéi e renovéiert gouf

Den Atomium gouf 2005 renovéiert an den 18. Februar 2006 nees fir de Public opgemaach. Fir dorunner z'erënneren, huet d'Belsch Nationalbank 2006 eng 2-Euro-Gedenkmënz erausbruecht, op där den Atomium ze gesinn ass.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Atomium – Biller, Videoen oder Audiodateien