Saarland
| Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Fändel | Wopen |
|---|---|
| Basisdaten | |
| Haaptstad: | Saarbrécken |
| Fläch: | 2.568,70 km² (13.) |
| Awunner: | 1.038.500 (15.) (30. September 2007) |
| Bevëlkerungsdicht: | 404 Awunner/km² (5.) |
| Politik | |
| Stëmmen am Bundesrat: | 3 |
| Ministerpresident: | Annegret Kramp-Karrenbauer (CDU) |
| Parteien an der Regierung: | CDU, FDP, déi Gréng |
| Sëtzverdeelung am Landtag (51 Sëtzer): |
CDU 19 SPD 13 Die Linke 12 FDP 5 Bündnis 90/Die Grünen 3 |
| Lokalisatioun | |
D'Saarland ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland. Gëlteg Ofkierzung no ISO 3166-2 ass DE-SL.
D'Saarland grenzt un d'Bundesland Rheinland-Pfalz an u Frankräich a Lëtzebuerg.
Zesumme mat der franséischer Regioun Loutrengen, dem däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz, der belscher Regioun Wallounien a Lëtzebuerg bilt d'Saarland d'Groussregioun Saar-Lor-Lux plus.
Inhaltsverzeechnes |
De Wopen a seng Symboler [änneren]
D'Landeswope vum Saarland besteet aus dem Léiw vu Nassau, dem Kräiz vun Tréier, den loutrengeschen Adleren an dem Léiw vun der Pfalz. D'Wopen representéiert esou déi véier Fürstentümer, déi d'Saarland bis 1815 besiess hunn:
- de sëlwer Léiw vu Saarbrécken-Commercy,
- d'roud Kräiz vum Äerzbistum a Kurfürstentum Tréier,
- den Alérion vum Herzogtum Loutrengen an
- de gëlle Léiw vum Herzogtum Pfalz-Zweebrécken.
Geographie [änneren]
D'Saarland erstrëckt sech vum südlechen Deel vum Hunsrück am Norden bis op de Warndt an d'Bliesdall am Süden, a vum Museldall am Westen bis op d'westleche Ausleefer vum Pfälzer Wald. Den héichsten Bierg am Saarland ass mat enger Héich vu 694 Meter den Dollberg am Norden an der Grënz zu Rheinland-Pfalz. D'gréisste Flëss sinn d'Saar an d'Blies.
Politik [änneren]
D'Chrëschtlech Demokratesch Unioun (CDU) huet no der Electioun vum 30. August 2009 déi eréischt Jamaika-Koalitioun an engem däitschen Bundesland mat deer Fräie Demokratesche Partei (FDP) an deene Gréng gegrënnt. Ministerpresident war bis am August 2011 de Peter Müller (CDU), duerno d'Annegret Kramp-Karrenbauer (CDU). D'aktuell Regierung sëtzt sech zesummen aus:
- Christopf Hartmann (FDP): Vizeministerpresident a Minister fir Wiertschaft, Wëssenschaft a Landwirtschaft
- Peter Jakoby (CDU): Finanzminister
- Stephan Toscany (CDU): Inneminister
- Klaus Kessler (Gréng): Bildungsminister
- Georg Weisweiler (FDP): Minister fir Gesondheet
- Simone Peter (Gréng): Ministesch fir Ëmwelt, Energie a Verkéier
- Monika Bachmann (CDU): Ministesch fir Aarbecht, Famill, Soziales, Sport a Präventioun
- Andreas Storm (CDU): Chef vun der Staatskanzlei, Minister fir Bundesugeleeënheeten
Am Saarländesche Landtag ass d'CDU-Fraktioun mat 19 Deputéierten déi gréisste Fraktioun. D'Sozialdemokratesch Partei (SPD) huet 13 Deputéierten, déi Lénk 12, déi FDP 5 an déi Gréngen 3. Präsident vum Landtag ass den Hans Ley (CDU).
Administratioun [änneren]
Et gëtt am Saarland 5 Landkreeser an ee Regionalverband:
- Merzig-Wadern (Merzig; MZG)
- Saarlouis (SLS)
- St. Wendel (WND)
- Saar-Pfalz-Krees (Homburg; HOM an IGB)
- Neunkirchen (NK, fréier OTW)
- Regionalverband Saarbrécken (SB a VK)
Um Spaweck [änneren]
Baden-Württemberg | Bayern | Berlin | Brandenburg | Bremen | Hamburg | Hessen | Mecklenburg-Vorpommern | Niddersachsen | Nordrhein-Westfalen | Rheinland-Pfalz | Saarland | Sachsen | Sachsen-Anhalt | Schleswig-Holstein | Thüringen
| Commons: Saarland – Biller, Videoen oder Audiodateien |