Groussregioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zur Groussregioun ziele 5 Regiounen aus 4 verschiddene Länner:
- d'Saarland (D)
- Rheinland-Pfalz (D)
- Loutrengen (F)
- déi franséischsproocheg an déi däitschsproocheg Communautéit aus der wallounescher Belsch (B)
- Lëtzebuerg (L)
D'Groussregioun läit tëschent dem Rhäin, der Musel, der Saar an der Meuse. Si ëmfaasst eng Fläch vu ronn 65.000 km² an zielt 11,2 Milliounen Awunner (ongeféier 2,5% vun der Gesamtpopulatioun vun der EU).
Institutiounen aus der Groussregioun schaffen zesumme fir d'economesch a politesch Kooperatioun an d'Partnerschaften tëschent de verschiddenen Acteuren ze verbesseren. Dofir ënnerhalen d'Partnerregiounen en Haus vun der Groussregioun mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.
D'Groussregioun war 2007 europäesch Kulturhaaptstad ënnert dem offiziellen Titel "Lëtzebuerg a Groussregioun, europäesch Kulturhaaptstad 2007".
Literatur [änneren]
- Dossier "Großregion" am forum Nr. 288 (Juli 2009).