1. Januar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 1. Januar ass den 1. Dag vum Joer am Julianeschen an am Gregorianesche Kalenner.
| Dez – Januar – Feb | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 534: Mam Decimus Theodorius Paulinus gëtt de leschte Konsul am Weste bestëmmt.
- 1800: Frankräich: Installatioun vum Tribunat a vum Corps léglislatif.
- 1900: Nigeria gëtt britescht Protektorat.
- 1901: Mam Commonwealth of Australia Constitution Act gëtt Australien onofhängeg vu Groussbritannien.
- 1954: Lëtzebuerg: Déi éischt Nummer vum Lëtzebuerger Land kënnt eraus.
- 1957: D'Saarland trëtt der Bundesrepublik Däitschland bäi.
- 1959: No der Flucht vum Batista iwwerhëllt de Fidel Castro d'Presidenz vu Kuba.
- 1984: De Sultanat Brunei gëtt onofhängeg vu Groussbritannien.
- 1993: Den europäesche Bannemaart trëtt an den 12 Memberstaate vun der Europäescher Communautéit (EG) a Kraaft.
- 1994: Den Espace Économique Européen, an deem d'EU- an d'EFTA-Memberstaaten (mat Ausnam vun der Schwäiz) deelhuelen, trëtt a Kraaft.
- 1995: Lëtzebuerg: Vum 1. Januar bis den 31. Dezember ass Lëtzebuerg Europäesch Stad vun der Kultur.
- 1995: Éisträich, Finnland a Schweden trieden der Europëscher Unioun bäi.
- 1999: Déi drëtt Etapp vun der Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun (EMU) trëtt a Kraaft.
- 2002: Euro-Mënzen a -Billjeeën ginn an den 12 Länner vun der Euro-Zon an Ëmlaf bruecht.
- 2007: Bulgarien a Rumänien trieden der Europäescher Unioun bäi.
- 2008: Malta an Zypern gi Member vun der Euro-Zon
- 2009: Slowakei gëtt Member vun der Euro-Zon
Gebuer [änneren]
- 1431: Poopst Alexander VI.
- 1484: Ulrich Zwingli, Schwäizer reliéise Reformer.
- 1802: Nicolas Bové, lëtzebuergesche Botaniker.
- 1859: Léandre Lacroix, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1863: Pierre de Coubertin, franséische Sportspedagog an éischte President vum Internationalen Olympesche Komitee.
- 1895: J. Edgar Hoover, FBI Direkter.
- 1912: Jean Jaeger, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1919: Camille Ney, lëtzebuergesche Politiker.
- 1919: J.D. Salinger, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1921: César Baldaccini, franséische Sculpteur.
- 1925: Raymond Pellegrin, franséische Schauspiller.
- 1927: Maurice Béjart, franséische Choreograph.
- 1937: Paul-Henri Meyers, lëtzebuergesche Politiker.
- 1939: Michèle Mercier, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Ramon Humbert, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 1941: Constant Wagner, lëtzebuergesche Sportschéisser.
- 1945: Jacky Ickx, belsche Formel 1 Pilot.
- 1951: Hans-Joachim Stuck, däitschen Autossportler.
- 1953: Zoran Janković, slowenesche Politiker.
- 1956: Sergei Wassiljewitsch Awdejew, russesche Kosmonaut.
- 1959: Michel Onfray, franséischer Philosoph.
- 1959: Serge de Waha, lëtzebuergesche Fotokënschtler a Konschterzéier.
- 1962: Georges Kieffer, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1966: Ivica Dačić, serbesche Politiker.
- 1978: Nina Bott, däitsch Schauspillerin.
- 1987: Nana Dsagnidse, georgesch Schachgroussmeeschtesch.
- 1989: Tornike Sanikidze, georgesche Schachgroussmeeschter.
Gestuerwen [änneren]
- 1831: Jean-Georges Willmar, Jurist a Gouverneur vu Lëtzebuerg 1817-1831.
- 1970: Eduard von Borsody, Filmregisseur.
- 1997: Jean Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2002: Paul Hubschmid, Schwäizer Schauspiller.
- 2006: Susan Bergman, US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin.
- 2009: Johannes Mario Simmel, éisträichesche Schrëftsteller.
- 2009: Helen Suzman, südafrikanesch Politikerin.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 1 January – Biller, Videoen oder Audiodateien |