Saudiarabien

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Saudi-Arabien)
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


المملكة العربية السعودية
al-Mamlaka al-‘Arabiyya as-Su'ūdiyya
Saudiarabien

Fändel vu Saudiarabien

Wope vu Saudiarabien

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Riad
Staatsform: Absolut Monarchie
 • Kinnek: Salman ibn Abd al-Aziz
Fläch: 2.240.000 km²
Bevëlkerung: 26.417.599 (2004)

D'Kinnekräich Saudiarabien (arabesch: المملكة العربية السعودية) ass eng absolut Monarchie am Noen Osten. Saudiarabien läit op der arabescher Hallefinsel a grenzt un den Irak, Jordanien, Kuwait, Oman, Katar, Bahrain, d'Vereenegt Arabesch Emirater, de Jemen, d'Rout Mier an de Persesche Golf. Bekannt ass d'Land fir seng restriktiv Gesetzer, säi wirtschaftleche Wuelstand, de Räichtum vum Staat an déi enorm Buedemschätz. Militäresch zielt d'Land zu de modernsten a stäerksten an der Regioun, obwuel d'Arméi eigentlech relativ kleng ass. Freideg ass e komplette Roudag a samschdes ass deelweis Roudag. Déi islamesch Zäitrechnung gëtt ugewannt. (Moundkalenner)

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Arabesch Hallefinsel besteet gréisstendeels aus engem groussen Héichland. Am Westen huet de Plateau e géie Randofbroch, dee parallel zur Küst vum Roude Mier verleeft. Am Nordweste gëtt et praktesch keng Küst. Déi héchst Bierger leien am Südwesten am Asir, wou och den héchste Punkt, de Bierg Dschabal Saura mat 3.133 m Héicht läit.

Am Oste fält d'Héichland bis bei d'Waasser vum Persesche Golf of, deem seng Küst mat lauter Dëmpelen a Salzfläche bedeckt ass. D'Héichland ass gréisstendeels mat Sandwüst a mat e puer Gebidder vun natierlechem vulkanesche Gestengs bedeckt. E breet Wüsteband, "dat eidelt Véirel" Rub al-Chali, erstreckt sech iwwer de ganze Süde vum Land.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saudiarabien – Biller, Videoen oder Audiodateien