Arabesch Hallefinsel

Vu Wikipedia
Arabesch Hallefinsel, Satellittebild

D'Arabesch Hallefinsel (arabesch: جزيرة العرب Dschazīrat al-cArab), och einfach Arabien, ass eng Regioun am extreeme Südweste vun Asien, nieft Nordostafrika, déi aus enger Hallefinsel an e puer Insele rondrëm besteet. Si erstreckt sech ongeféier vun Nordwesten no Südosten an ass déi drëttgréisst Hallefinsel vun der Welt. Zesumme mat e puer Nopeschstaate bilt se den Noen Osten.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Oste grenzt d'Arabesch Hallefinsel un de Persesche Golf an un de Golf vum Oman. Op der südlecher Säit gëtt se vum Arabesche Mier, dat zum Indeschen Ozean gehéiert, a vum Golf vun Aden begrenzt. Am Weste schléisse sech de Suezkanal an d'Rout Mier un. Am Norde kommen d'Arabesch Hallefinsel an d'Syresch Wüst ouni kloer Grenz zesummen, mä déi nërdlech Grenze vu Saudiarabien a Kuwait gëlle generell als d'Enn vun der Arabescher Hallefinsel.[1]

Tektonesch gesi bilt d'Hallefinsel déi Arabesch Plack. Geologesch gehéiert d'Hallefinsel zu der aler afrikanescher Kontinentalmass, och wa se duerch de Gruefbroch vum Roude Mier getrennt ass. D'Hallefinsel ass mat der Grousser Nefud an der Rub al-Chali am Süde bal e komplett e Wüstegebitt.

Geopolitik[änneren | Quelltext änneren]

Op der arabescher Hallefinsel an op de virgelagerten Insele leien déi haiteg Staate Saudiarabien, Jemen, Oman, Irak, Vereenegt Arabesch Emirater, Bahrain, Katar a Kuwait. Vun dëse Staaten ass Saudiarabien, dat haut ëmgangssproochlech dacks mat der Bezeechnung Arabien gemengt ass, bei wäitem dat gréisst Land. Am Norde grenzen Egypten a Jordanien un d'Regioun.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht virum Mohammed[änneren | Quelltext änneren]

E fréit Räich op zum groussen Deel onbewunnbarer Arabescher Hallefinsel war am Süden dat legendäert Saba. Am 3. Joerhonnert v. Chr. huet d'Räich Himyar, dat op der südwestlecher Spëtzt louch, u Muecht gewonnen; et huet säin Herrschaftsberäich an de follgende Joerhonnerte bis no Somaliland a Sansibar ausgedeent an huet ëm 300 och Hadramaut eruewert, dat wéinst dem Wäirauch an dem Ubau vun Traisch aus deenen d'Myrrhe gewonne gëtt vun alters hier bekannt war. Vun 355 bis 378 huet Abessinien d'Räich Himyar ënnerworf a christianiséiert. Ënner dem Schutz vun de Sassaniden ass et, um Ufank vum 6. Joerhonnert dem Himyarkinnék Nuwas (Yusuf) gelongen, e Groussräich am Süde vun der Insel opzeriichten. Den Nuwas huet de jiddesche Glawen ugeholl. No der Chrëschteverfollegung ënner dem Nuwas huet Abessinien d'Räich ënnerworf. Den Abessinier sinn 572/75-628/30 d'persesch Sassanide gefollegt.

An Ënnerarabien ass d'Kinda-Federatioun derwäert ernimmt ze ginn. Am Norde gouf et fir d'éischt d'Nabatäer, dunn d'Räich Palmyra, spéider och nach d'Räicher vun de Ghassaniden an d'Lachmiden, déi zum Schluss och vun de Perser eruewert goufen. Am Weste stoung den Oman, zäitgläich mam Jemen ënner persescher Kontroll, d'Régioun Jamama huet nach bis zum Doud vum Mohammed eng eege Roll gespillt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arabian Peninsula – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Encyclopaedia Britannica: Arabian Peninsula