Mohammed

Vu Wikipedia
Mohammed
Gebuer 20. Abrëll 571 jul.
Mekka
Gestuerwen 8. Juni 632 jul.
Medina
Aktivitéit Händler, Priedeger, Politiker, Feldhär
Famill
Bestuet mat Aischa
Der Prophet Mohammed; aus dem Himmelfahrtsbuch vum Mohammed, 1436

De Mohammed ibn Abdallah, mam ganzen Numm Abū l-Qāsim Muhammad ibn ʿAbd Allāh ibn ʿAbd al-Muttalib ibn Hāschim ibn ʿAbd Manāf al-Quraschī (أبو القاسم محمد بن عبد الله بن عبد المطلب بن هاشم بن عبد مناف القرشي); gebuer tëschent 570 a 573 n. Chr. zu Mekka a gestuerwen den 8. Juni 632 zu Medina, ass de Grënner vum Islam. Hie gëllt am Islam als de leschte Prophéit, dee vu Gott (Allah) geschéckt gouf an dee mam Koran d'Wuert vun Gott offebaart huet. Wann dem Mohammed säin Numm genannt gëtt, muss e fromme Moslem ëmmer d'Eulogie mat soen: Gott seen hien an schenk him Heel.

Et gëtt nëmme ganz wéineg zäitgenëssesch Quellen iwwer dem Mohammed säi Liewen. Souguer de Koran gouf eréischt eng 20 Joer no sengem Doud fixéiert. Déi historesch bekanntst Biographie ass vum Mohammed ibn Ishaq verfaasst ginn ("D'Liewe vum Prophéit"). De Mohammed hat alles an allem 13 Fraen, dovun e groussen Deel zur selwechter Zäit. Dem Koran no hat de Mohammed dräi Jongen a véier Duechteren.

Liewenslaf[änneren | Quelltext änneren]

De Mohammed huet déi éischt zwee Joer vu sengem Liewe beim Stamm vun där Fra gelieft, déi hie geniert huet. Mat sechs Joer huet de Mohammed seng Mamm verluer. Duerno huet hie bei sengem Grousspapp gelieft bis deen zwee Joer méi spéit och gestuerwen ass. Dunn ass de Mohammed bei sengem Monni opgewuess. Als jonke Kärel huet hien als Schofshiert geschafft an zwou Reese mat Handelskarawane bis an d'ostréimescht Räich gemaach.

Mat ongeféier 20 Joer goung de Mohammed an de Fidschar-Krich. Ëm d'Joer 595 huet hie seng éischt Fra, seng deemoleg Cheffin Chadidscha, bestuet. Mat der Chadidscha krut hien eng Duechter, d'Fatima, déi als eenzegt vum Mohammed senge Kanner selwer Nokomme krut.

Dem Mohammed säin éischt Offenbarungserliefnis war um Bierg Hira bei Mekka, wou him an engem Dram den Äerzengel Gabriel erschéngt ass. Dem Mohammed seng éischt Unhänger waren d'Chadidscha an de sougenannten éischte Moslem zu Mekka, den Ali Ibn Abi Talib an den Abu Bakr, den éischte Kalif nom Mohammed sengem Doud. Enger Studie no koumen déi éischt Moslemen aus sozial niddrege Schichten a si waren zum gréissten Deel Händler. D'Mekkaer hu méi spéit de Moslemen hiert Handelsrecht ewechgeholl fir déi weider Ausbreedung vum Islam ze verhënneren a fir dem Mohammed sengen ëffentlechen Optrëtt en Enn ze setzen, well hien de polytheistesche Glawen ugegraff huet. Doropshin huet de Mohammed eng Partie vu sengen Unhänger ugestallt, an Abessinien auszewanderen.

Nom Doud vum Chadidscha ass de Mohammed am Joer 622 a Yathrib ausgewandert, wou hie fir sech a seng Unhänger Sécherheet versprach krut. Do huet e mat hirer Hëllef d'Quba-Moschee opgeriicht, déi éischt an eelst Moschee. Zu Yathrib, dat méi spéit als Medina bekannt gëtt, huet hien an de Joren dono u Muecht gewonnen, och u politeschem Afloss a gouf Feldhär. Géint Enn vum Januar 632 huet de Mohammed seng grouss Pilgerfaart op Mekka gemaach, déi och als Abschidspilgerfaart bekannt gouf.

Den 8. Juni 632 ass hie stënterlech un enger mysteriéiser Krankheet gestuerwen.

Schluechten a Verbreedung vum Islam[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Schluecht vun de Mosleme géint d'Mekkaer zu Badr hunn d'Moslemen, obwuel se zu manner a schlecht ekipéiert waren, gewonnen. No e puer méi klengen Ausenanersetzunge konnten d'Mosleme 630 endlech Mekka erueweren. Well de Mohammed jiddwerengem Amnestie versprach hat, dee sech him net widdersetze géif, hunn d'Mosleme Mekka mat nëmmen 28 Doudegen op der Säit vun den Mekkaner eruewert, de Rescht war fortgelaf. Doropshin huet de Mohammed aner Beduinestämm opgefuerdert, sech zum Islam ze bekéieren an huet all Gottesbiller aus Privathaiser ewechmaache gelooss. Fir déi ënner sech zerstridde Stämm, déi elo all dem Islam ugehéiert hunn, ze vereenen, huet hien hinnen all déi selwecht Rechter ginn an d'Judden hir Relioun fräi ausliewe gelooss. Well d'Judden awer nach ëmmer Widderstand geleescht hunn, huet de Mohammed decidéiert s'aus Medina ze verdreiwen.

Den Islam huet sech ëmmer méi séier duerch d'militäresch Iwwerleeënheet vun de Moslemen an duerch d'Iwwerzeegungsaarbecht vum Mohammed verbreet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mohammed – Biller, Videoen oder Audiodateien