Koran
De Koran (arabesch: Liesung) ass déi helleg Schrëft vun de Muslimen.
De Koran gëllt am Islam als dat direkt, onverfälscht an originalt Wuert vu Gott. Während am Chrëschtentum net d'Bibel, mä Jesus Christus d'Wuert vu Gott ass, ass et am Islam net de Mohammed, mä de Koran. Duerfir gëtt am Chrëschtentum vun "Inkarnatioun" (Gott ass Mënsch ginn) geschwat, am Islam awer vun "Inlibratioun" (Gott ass Buch ginn).
No traditionellem islamesche Verständnis ass de Koran deen Text, deen dem Mohammed vu 610 bis 632 vu Gabriel diktéiert ginn ass. Mëttlerweil ginn et awer och muslimesch Wëssenschaftler, déi, ähnlech wéi an der chrëschtlecher Theologie, eng historesch-kritesch Exeges vum Koran bedreiwen, an noweisen, datt och de Koran aus ganz ënnerschiddlechen Textzorte besteet an a verschiddenen Zäitsituatiounen entstanen ass.
De Koran besteet aus 114 Kapitelen (Sure genannt), woubäi opfält, datt déi viischt déi längst an déi hënnescht déi kierzt sinn. De Koran fänkt u mat enger Sure dei an all Gebiet reziteiert gi muss, genannt Al-Fatiha ("Die Eröffnende"). E gleewege Muslim liest de Koran just an der Originalsprooch, d.h. op Arabesch, well all Iwwersetzung eng Interpretatioun, also vläicht eng Verfälschung kéint sinn.
A Koranschoule ginn d'muslimesch Kanner an de Koran agefouert.
[änneren] Kuckt och
De Koran Projet vum Jean-Michel Treinen
| Commons: Qur'an – Biller, Videoen oder Audiodateien |
