Jesus vun Nazaret

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

De Jesus vun Nazaret oder Jesus Christus ass d'Bezeechnung vun engem Personnage aus der Geschicht, deem iwwert seng zäitgeschichtlech Wierklechkeet eraus vum Chrëschtentum eng transzendent Wierklechkeet zougestane gëtt (als Jong vu Gott). Den éischten Aspekt baséiert op historesche Fakten a Recherchen, wougéint den zweete sech op eng iwwernatierlech Revelatioun baséiert an dofir nëmmen am Glawen erfaassbar ass.

Et schéngt dofir sënnvoll beid Aspekter agaangs getrennt ze behandelen.

[Änneren] De Jesus vun Nazaret – den historesche Jesus

Iwwert den historesche Personnage Jesus kann een nëmme ganz wéineg Aussoe maachen déi, no eiser heiteger Opfaassung vun historesch gesécherte Fakten, Bestand hunn. Dëst läit haaptsächlech dodrun dat et wéineg Quelle ginn déi net interesséiert sinn, d. h. déi keen Intressi drun hu fir de Jesus méiglechst gutt respektiv méiglechst schlecht duerzestellen. Historesch sécher beluecht ass d'Tatsaach, datt heen tatsächlech gelieft huet, als Priedeger an als Wonnerheeler opgetratt ass a gekräizegt ginn ass. Dëst kann een och opgrond vun netchrëschtleche réimesche Quellen (z.B. Sueton, Plinius d.J.) soen.

De Jesus gouf tëscht 7 a 4 v. Chr. a Galiläa, waarscheinlech an der Stad Nazaret (also am Norde vum heitegen Israel) gebuer. (Datt seng Gebuert an den Evangelien op Betlehem verluecht gouf, huet eng theologesch Bedeitung: Betlehem war d'Stad vum David; de Jesus sollt als neien David, d.h. als Messias duergestallt ginn). Hien ass 30 oder 33 n. Chr. zu Jerusalem, iergendwou baussent de Stadmauere gestuerwen. Hie war Judd an als solchen Unhänger vun der jiddescher Relioun. Während senge leschte Liewensjoren ass hien als Wanderpriedeger opgetratt an huet eng Reliouns- a Glawenspraxis gepriedegt déi d'Gottes- an d'Nächsteléift an de Mëttelpunkt stellt an net e rigoristescht Befollege vun Geboter a Verboter. Programmatesch heifir ass d'Ausso déi him zougeschriwwe gëtt "De Sabbat ass fir de Mënsch gemaach an net de Mënsch fir de Sabbat". Domat huet hie bei verschiddenen Deeler vun der jiddescher Autoritéit ugëeckt. Net ze ënnerschätzen am Zesummenhank mat senger Doudesstrof war och säin Opstand am Jerusalemer Tempel. Den Tempel war d'Symbol un der jiddescher Autonomie (si duerften do - trotz réimescher Besatzung - maache, wat si wollten; dofir och eng eege Währung, cf. Geldwiessler), a grad dat, wat do passéiert ass, huet de Jesus kritiséiert. Grond genuch fir verschidde Judde vun deer Zäit, déi réimesch Autoritéiten dervun z'iwwerzeegen, hee géif Onrou an d'Vollek bréngen, sech als Kinnek ausginn, fir datt e gekräizegt géif.

[Änneren] Jesus de Christus – de Jesus vum Glawen

Jesus-Duerstellung an der Kierch vun der Benediktinerabtei Maria Laach
Jesus-Duerstellung an der Kierch vun der Benediktinerabtei Maria Laach

Historesch beluecht ass d'Tatsaach, datt kuerz Zäit nom Jesus sengem Doud e radikale Changement am Verhale vu sengen Unhänger festzestellen ass: Si versammele sech nees, erziele vum Jesus a versichen, anerer derzou ze bekéieren. Si beriichte vun "Erscheinungen". Dës Erscheinungen hunn de Jünger d'Gewëssheet ginn, datt de Jesus lieft. Vun dunn un ass heen als Christus (d.h., der Etymologie do, de Gesaleften) veréiert ginn, woubäi d'Tatsaach vun den Erscheinungen, d.h. d'Tatsaach, datt de Jesus vun den Doudegen operstanen ass, net duergeet als Begrënnung fir déi noéisterlech Christologie. Villméi war scho viru sengem Doud en dementspriechenden Hoheitsanspruch präsent.

Perséinlech Tools
Aner Sproochen