Jerusalem

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Emblem of Jerusalem.svg
D'Mauer wou d'Juden kloen zu Jerusalem
Jerusalem: Panorama, am Hannergronn de Fielsendoum
Jerusalem vum Ölbierg aus gesi
Jerusalem: D'Stadmauer ëm d'Al Stad
De Yad Vashem Memorial erënnert un den Holocaust
D'israelescht Parlament, de Knesset

Jerusalem (Hebräesch: Jeruschalajim, ירושלים, Arabesch: al-Quds (asch-Scharif), القدس;), läit an der Regioun Palestina an ass d'Haaptstad vum Staat Israel. Jerusalem huet 704.900 Awunner (Stand: 1. Januar 2005). Zu Jerusalem hunn de Staatspresident an d'Parlament, Knesset, an dat iewescht Geriicht hire Sëtz. Um internationale Plang erfëllt allerdéngs Tel Aviv d'Funktioune vun enger Haaptstad. Do an zu Ramat Gan an Hertzlija hunn nämlech, bis op e puer Ausnahmen (USA, Costa Rica an El Salvador), d'Ambassaden hire Sëtz.

Ostjerusalem ass am Laf vum sougenannte Krich vu Sechs Deeg vun Israel ageholl an 1980 duerch e Grondgesetz annektéiert ginn. Dës Annexioun ass awer duerch déi aner Länner als ongesetzlech veruerteelt an net unerkannt ginn. Besonnesch wat den ëstlechen Deel vun der Stad ugeet, deen als Bestanddeel vun engem spéidere Staat Palestina reklaméiert gëtt, ginn et international Reserven.

Jerusalem ass eng vun den eelste Stied vun der Welt an ass, wahrscheinlech zënter 5.000 Joer, ouni Ënnerbriéchung bewunnt. D'Géigesätz tëschent fréier an haut sinn an dëser Stad, déi vun enger multikultureller Gesellschaft bewunnt ass, däitlech ze erkennen.

D'Alstad vu Jerusalem ass vun enger Mauer ëmginn an besteet aus véier Deeler, engem jiddeschen, chrëschtlechen, armeeneschen a muslimesche Véirel.

Inhaltsverzeechnes

Kultur a Kuckeswäertes [änneren]

Theater [änneren]

De bekannteste Theater zu Jerusalem ass de Stadtheater.

Muséeën [änneren]

Déi bedéitendsten Museeën zu Jerusalem sinn den Israel Musée mam Schräin vum Buch", de Rockefeller Musée fir Archeologie, den Holocaustmemorial Yad Vashem, den Naturhistoresche Musée an de Bazabel-Musée fir Vollekskonst a Folklore.

Gebaier [änneren]

De Fielsendoum
Historesche Judekierfecht vu Jerusalem

D'Alstad vu Jerusalem gouf 1981 vun der UNESCO op hir Lëscht vun der Weltierfschaft gesat. Si ass zënter dem Mëttelalter vun enger bal voll erhalener Stadmauer ëmginn, där hir Originnen op dat 16. Joerhonnert zeréckgefouert ginn. Dës Mauer huet e puer Tierem an 8 Portalen. Am jiddeschen Deel steet d'Zionsportal; südwestlech dovunn läit de Bierg Zion mat, wéi ugeholl gëtt, dem Graf vum Kinnek David. Ëstlech vun der Alstad läit den Ölberg mat dem Gard Getsemani.

Fir jiddereng vun den reliéise Communautéite bedeit d'Alstad vu Jerusalem vill: D'Chrëschte gesinn an hir d'Plaz wou Jesus Christus gelidden huet, gekräizegt ginn ass an operstanen ass; fir d'Judden ass et d'Haaptstad vum Kinnekräich vun de Judden; d'Muslime brénge se schliisslech a Verbindung mam Prophet Mohammed. Déi zirka 400 Meter laang Klomauer, déi vun de Judde הכותל המערבי "Westlech Mauer" genannt gëtt, ass een Deel vun där Mauer, déi de Plateau stäipt a wou et ëmmer rëm zu Tëschefäll mat der muslimescher Communautéit kënnt. Wichteg muslimesch Bauwierker um Tempelbierg sinn haut de Fielsendoum an d'Al-Aqsa-Moschee.

Am neien Deel vun der Stad steet d'Gebai vum Parlament, der Knesset an do stinn och d'Regierungsgebaier.

Album mat Fotoen vun Israel Jerusalem [änneren]


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Jerusalem – Biller, Videoen oder Audiodateien