Peking

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ČLR-pahýl.png Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
北京市 (Běijīng Shì)
Peking
Wopen Localisatiounskaart
Land: Flag of the People's Republic of China.svg China
Regierungsonmëttelbar Stad: Peking
Koordinaten: 039° 55' 44" N
116° 23' 18" E
Fläch: 16.807,8 km²
Awunner: 19.612.000 (2011)
Bevëlkerungsdicht: 1.167 Aw./km²
Héicht: 63 m
Zäitzon: UTC+8
Den Himmelstempel
D'keeserlech Gäert vu Peking mam Summerpalais
Aner Foto vun de keeserleche Gäert zu Peking

Peking oder och Beijing (chin. 北京, Běijīng, W.-G. Pei-ching), iwwersat d'Haapstad vum Norden, ass d'Haaptstad vun der Volleksrepublik China.

Inhaltsverzeechnes

Kuckeswäertes [änneren]

Monumenter a Gebaier [änneren]

  • Tiananmenplaz ( Plaz vum himmlesche Fridden)
    • Op dëser Plaz hu sech grouss Ereegnesser ofgespillt:
      • 4. Mee 1919: China krut duerch de Versailler Vertrag gewëss Héiheetsrechter an der Provënz Shandong net méi zréck, mee déi Regioun ass e japanescht Protektorat ginn. Duergéint hunn deemools op der Tianamen-Plaz méi wéi 3000 Studenten protestéiert.
      • 4. Abrëll 1976: Um chinesesche Gedenkdag un déi Doudeg hat d'Bevëlkerung do Kränz a Blummen zu Éiere vum beléiften, kuerz virdrun verstuerwenen, Ministerpresident Zhou Enlai néiergeluecht. Well dat de Politiker um Rudder net gepasst huet, goufen dës Blummen ewechgeraumt. Dausende vu Chinesen hunn den Dag drop hei duergéint protestéiert. Dës friddlech Demonstratiounen goufen vun der Polizei an dem Militär mat Gewalt opgeléist.
      • 4. Juni 1989: Dat ass den Dag vum sougenannten Tiananmen-Massaker. Hei op der Plaz vum himmlesche Fridden hunn d'Protester vun der chinesescher Demokratiebewegung, déi méintelang zu Peking gedauert hunn, e bluddegt Enn fonnt. Et gouf do vill Doudeger, wéi d'Plaz mat Gewalt geraumt gouf.
  • Verbuede Stad. Et ass e Site mat typsche chinesesche Bauten,
  • Himmelstempel an der Verbuedener Stad. Den Himmelstempel gouf 1998 vun der UNESCO op hir Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.
  • Summerpalais an d'keeserlech Gäert
  • Déi grouss Chinesesch Mauer zu Badaling, Mutianyu, Jinshaling an Simatai ass mat enger Längt vu 6400 km dat längste Bauwierk op der Welt. Si gouf 1987 vun der UNESCO op hir Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.
E Symbol vu Peking: D'chinesesch Mauer

Transportinfrastrukturen [änneren]

Péking profitéiert vu

  • 9 Autostroossen, huet
  • 1 Fluchhafen, opmanst
  • 4 Garen a
  • 5 Peripheriquë rondrëm d'Stad
  • Am Zenter vu der Stad läit d'Tianamenplaz, vu wou aus een an déi Verbuede Stad kënnt.

Fotoalbum vu Peking [änneren]


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Peking – Biller, Videoen oder Audiodateien