4. Juni
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 4. Juni ass den 155. Dag vum Joer (156. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Mee – Juni – Jul | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1745: Éisträicheschen Ierffollegkrich: Schluecht vun Hohenfriedeberg.
- 1928: Eng kleng Grupp ronderëm déi japanesch Offizéieren Ishihara an Itagaki hunn de Marschall Chang Tso-Lin ëmbruecht. Hie war de Chef vun der japanescher Kwantung Arméi an der Mandschurei, also quasi vun der Regierung vun där Provënz.
- 1933: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert, am Kader vun der 25-Joer-Feier vun der FLF, an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Pierre Bommertz geschoss.[1]
- 1950: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Frankräich.[2]
- 1970: Tonga gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1989: Éischt fräi Walen a Polen.
- 1989: Massaker op der Plaz vum Himmlesche Fridden (Tiananmen); D'Chinesesch Regierung léisst d'wochelaang Manifestatioun op där Pekinger Plaz néiermaachen. Dausende vun Doudegen.
- 2010: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Hesper 0:0 géint Färoer Inselen.[3]
- 2011: Den Davide Appollonio gewënnt déi drëtt Etapp vum Tour de Luxembourg 2011.
Gebuer [änneren]
- 1806: Vendelin Jurion, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1809: Mathias Hardt, lëtzebuergesche Journalist, Archivar a Politiker.
- 1872: Alphonse Kemp, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1882: Karl Valentin, bayresche Komiker.
- 1896: Léon Metzler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1904: Raymond Rouleau, belsche Regisseur.
- 1929: Karolos Papoulias, griichesche Politiker.
- 1929: Marcel Lentz, lëtzebuergesche Kanut.
- 1933: Godfried Danneels, belsche Kardinol.
- 1934: Carl Fredrik Reuterswärd, schwedesche Kënschtler.
- 1939: Marcel Balthasar, lëtzebuergesche Bouschéisser.
- 1946: Magdalena Jetelová, Sculptrice.
- 1947: Pol Pütz, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1950: Georges Ressel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1952: Bronisław Komorowski, polnesche Politiker a Staatspresident.
- 1954: Nic Herber, lëtzebuergeschen "Allround-Kënschtler".
- 1962: Frédéric Auburtin, franséischen Dréibuchauteur, Komponist a Filmregisseur.
- 1967: Marie NDiaye, franséisch Schrëftstellerin.
- 1975: Angelina Jolie, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1978: Max Becker, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1985: Lukas Podolski, däitsche Foussballspiller.
Gestuerwen [änneren]
- 1941: Wilhelm II. vun Däitschland, däitsche Keeser a Kinnek vu Preisen.
- 1977: Ray Philippe, lëtzebuergesche Boxer.
- 1981: Ahmed Mohammed Rami, egypteschen Dichter a Komponist.
- 1985: Hélène Hiertz, lëtzebuergesch Chef-Kächin.
- 2004: Nino Manfredi, italiéinesche Schauspiller.
- 2005: Jeannot Bewing, Lëtzebuerger Sculpteur.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 4 June – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 4. Juni 1933 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 4. Juni 1950 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Färoer Inselen de 4. Juni 2010 um Site European Football