Angelina Jolie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps aktion.png Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Angelina Jolie bei der Premiere vu Salt zu Berlin am Joer 2010

D'Angelina Jolie, gebuer de 4. Juni 1975 als Angelina Jolie Voight zu Los Angeles, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Si ass d'Duechter vun der Schauspillerkoppel Jon Voight a Marcheline Bertrand. D'Elteren hu sech awer ee Joer no hirer Gebuert getrennt, si ass bei der Mamm opgewuess. 2002 huet si hire Familljennumm ännere gelooss, fir näischt méi mat hirem Papp ze dinn ze hunn.

Mat fënnef Joer stoung se eng éischt Kéier virun der Kamera. E gewëssen Opdriff krut hir Carrière uechtzeng Joer méi spéit, wéi se 1998 fir hir Roll an der Filmbiografie George Wallace (1997) mam Golden Globe als "Beschten Niewenduerstellerin an engem Fernsehsfilm" ausgezeechent gouf an eng Nominéirung fir den Emmy krut. Hiren internationalen Duerchbroch hat se awer eréischt 2001 mat der Roll als Videospillheldin Lara Croft a Lara Croft: Tomb Raider. Hire gréisste kommerziellen Erfolg war den Actionkaméidisfilm Mr. & Mrs. Smith (2005).

D'Angelina Jolie huet 1996 de britesche Schauspiller Jonny Lee Miller bestuet, sech awer schonn ee Joer duerno nees vun em getrennt. 2000 huet si dunn den 20 Joer méi ale Schauspiller Billy Bob Thornton bestuet, vun deem se awer och schonn no dräi Joer nees gescheet war. Bei den Dréiaarbechte zum leschtgenannte Film Mr. & Mrs. Smith huet si sech 2005 mat hirem Filmpartner Brad Pitt och privat liéiert. Déi zwee kruten dräi Kanner zesummen an hu sech 2012 verlobt. Donieft huet d'Angelina Jolie awer nach dräi Kanner adoptéiert, déi duerno och vum Brad Pitt mat adoptéiert goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Angelina Jolie – Biller, Videoen oder Audiodateien