Matt Damon
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Matthew Paige Damon, gebuer den 8. Oktober 1970 zu Cambridge am Massachusetts, ass en US-amerikanesche Schauspiller a Philantrop.
Hien huet den Academy Award fir dat bescht Original-Dréibuch fir de Film Good Will Hunting gewonnen an hien ass fir deselwechte Film nomineiert ginn. Den Damon huet schonn an vill verschidenne Filmer gespillt wéi zum Beispill, Saving Private Ryan, The Talented Mr. Ripley, d'Oceans an d'Bourne-Serien, Syriana, The Good Shepherd an The Departed. Hien huet vill Awards gewonne fir seng Rollen an de Filmer an hien huet e Stär um Hollywood Walk of Fame. De Matt ass ee vun de fënneffanzwanzeg héchstcotéierte Schauspiller vun allen Zäiten. Am Joer, 2007 ass hien zum Sexieste Mann vun der Wëlt vu People genannt ginn.
Hien ass bestuet mat der Luciana Bozán Barroso an d'Koppel huet zwee Kanner, d'Isabella an d'Gia.
| Commons: Matt Damon – Biller, Videoen oder Audiodateien |